Et sinn 41 Joer hier dass den Elton John e legendäre Concert an der Sowjetunioun gespillt huet. Mat sengem Leningrad-Concert huet hien Geschicht geschriwwen,

20/05/2020 Pop History: Elton John zu Leningrad

Et war eng impressionant Show déi den Elton John gespillt huet well en hallef Stonn nom Concert hunn d'Leit nach ëmmer El-Ton El-Ton geruff.
An der Oktoberhal zu Leningrad gespillt. Ob der Bün war et voll mat Tulpen an d'Begeeschterung vun de Leit huet keen Enn geholl. Dat huet den Elton John och a senger Garderobe héieren. Virun der Dier hunn d'Fans weider säin Numm geruff.
1000de vu Russen déi net era koume waren ob de Stroossen ënnerwee. De Museker war Paff iwwer d'Begeeschterung am Land.
Een Dag méi spéit schreift déi amerikanesch Noriichten Agence Associated Press: Dass d'Police an aner Beamten hiren Hänn kee rot méi woussten. Si stounge virun de Leit, déi nach ëmmer ausser sech waren, an hate reegelrecht Angscht.
Déi englesch Daily Mirror huet geschriwwen "Elton John, Super Czar, rocks them back in the USSR"
Iwwerhaapt hunn d'Leit vun der Press déi mam Elton John matgereest waren sech iwwerascht gewise wéi gutt se dohannen d'Texter vun der Rockmusek kennen.
Fans si beandrockt. Souguer e Vertrieder vun der sowjetesche Concertsagence Goskontsert sot dass en esou eppes nach ni awer wierklech ni erlieft hätt.
Wärend dem Optrëtt war den Elton John éischter dezent ugedoen. D'Glam Rock Phas mat blénkege Kostümer an héije Schong hat hie schonn hannert sech. Zu Leningrad hat hien eng Zort Berret un. Seng Rosa Box war an héich Stiwwele gestach an amplaz vu sengen exzentresche Brëller huet hie Kontaktlënsen un. Deko an d'Equipement huet hien aus England matbruecht.
Dat éischt Lidd (It's a little bit funny) huet dofir gesuergt dass ganz roueg am Publik war. Déi meescht vun den 3800 Sëtzplazen si vu Leit aus der Partei besat. Si hunn Tenue Korrekte a maachen eescht Gesiichter. Den Applaus ass héiflech awer net iwwerdriwwen. Richteg gefeiert gëtt awer an de leschte Reien. Hier souzen déi Glécklech Leit déi en Ticket kruten. E grousse Geste vun de Sécherheetsleit war deen dass si net agegraff hunn an de Leit hire Spaass un der Saach gelooss hunn.
Iwwert de legendären Optrëtt vum Elton John bei de Sowjets gëtt et och en Documentaire: En heescht "To Russia With Elton"