Direkt zweemol kucke mer um Dag vun haut zeréck. Eng Kéier mam Rihanna wat de Song vum Liewe sengt. Ma och d'US Boyband All-4-One hat e groussen Hit mat deem si weltwäit bekannt goufen.

21/05/2020 Pop History: Rihanna & All4One

Rihanna an den Jay-Z sti mat Umbrella op der Nummer 1 vun den englesche Charts. Den Titel gëtt zu engem vun de weltwäit erfollegräichste Lidder vum Joer 2007. Mat Good Girl Gone Bad koum kuerz virdrun dem Rihanna säin 3. Album eraus. Deen 3. Album bannent 3 Joer. Eng enorm Leeschtung! Wéi d'Rihanna dat duerchhält weess hatt heiansdo selwer net esou genee.
An engem Interview sot hat deemools dass hatt sech mat Momenter komplett schwaach fillt. Am léifste géif hatt iergendwou higoe fir guer näischt méi ze maachen.

D'Rihanna denkt dann un déi schéin Zäit an dann ass wéi et schéngt alles erëm gutt.
Umbrella gouf vun den Songwriter Christopher Stewart an Thaddis Harrel fir d'Britney Spears geschriwwen. Ma d'Plackefirma huet d'Lidd refuséiert, et hätt ee scho genuch Material fir ob e neien Album.
Dono krut Mary J. Blige d'Lidd ugebuede wéi och den L.A Reid dem Rihanna säi Labelchef.
Pech fir Mary J. Blige, hatt koum mol guer net dozou sech d'Lidd unzelauschteren esou séier hat een um Rihanna senger Säit decidéiert d'Lidd fir sech ze huelen. D'Lidd ass dono zesumme mat deem Mann entstanen deen Rihanna entdeckt huet an hatt zënterhier gepushed huet. Dem Jay-Z.
Ob engem 21. März vum Joer 2007 stoung d'Lidd fir 10 Wochen op der Nummer 1 vun den Charts. Duerch Umbrella huet d'Rihanna vill schéi Plazen op dëser Welt gesinn.
13 Joer virdrun hat eng aner Band en änlecht Gléck. All-4-One sti mat I Swear op der Nummer 1 vun den US Charts.

Déi 2 Country Songwriter Gary Baker a Frank J. Myers haten d'Lidd schonn am Joer 1989 geschriwwen. Deemools war et scho fir de Sänger John Michael Montgomery e Nummer 1 Hit. Elo war een der Meenung dass, wann een d'Lidd zu engem Poplidd mécht dat ganzt nach eng Kéier zu engem Hit géif ginn. Mat Succès. All 4 One Sangen d'Lidd esou gefillsvoll an, dass dat ganzt fir 11 Wochen ganz uewen an den Charts stoung