Wien en MTV Unplugged spillen dierf ass an der Musekwelt ee vun de ganz Groussen. Sou war dat och bei de Sportfreunde Stiller haut virun 11 Joer

22/05/2020 Pop Histroy: Sportfreunde Stiller Unplugged

All ze vill däitsch Gruppen hunn dat nach net gemaach. Mat de Sportis ass et déi 6. däitsch Band déi sech ob dës Opname freeën dierfen.
Den Album deen um Dag vun haut virun 11 Joer erauskoum gouf awer schonn de 17 Januar vum Joer 2009 opgeholl. An den 21 Mee vum selwechte Joer, also een Dag ier d'CD erauskoum ob der Tele gewisen.

Preparatiounen dofir hu schonn am Joer 2008 ugefaangen. Sportfreunde Stiller hunn hir ganz Albumen duerchgelauschtert fir esou eng Selektioun u Lidder ze fannen déi am beschten an de Kader vum MTV Unplugged passt. 6 Méint virum Concert huet d'Band sech an eng Schihütt an d'Alpen zeréck gezunn. Hei ass d'Lidd 7 Tage, 7 Nächte entstanen.

Dernieft huet ee sech och ob d'Sich no enger passender Location gemaach. A verschiddenen Interviewe schwätze se vu 25 verschiddene Plazen aner Sourcë schwätze vu bis zu 40 verschidde Locations. Well ee keng fonnt huet huet een decidéiert de Concert an de Bavaria Studioen zu München ze spillen.

A well bei engem Unplugged Concert näischt mat elektreschem Stroum leeft hu verschidde Museker nach misse kuerzfristeg e neit Instrument léieren. De Rüdiger Linhof huet sech esou z.B bannent kierzter Zäit Kontrabass spille misse bäibréngen.
A punkto Dekoratioun gouf e Plackebuttek ob der Bün opgeriicht an och passend Stroosseluuchte stoungen doruechter. Fir Thema Unplugged In New York nach besser ze treffen hunn d'Museker sech dann och esou gekleet. Am Gangster Street Style e Stil deen Enn de 60er ugesot war. D'Bléiser ware Bauaarbechter, d'Violonistinne waren als Stewardess verkleet an de Chouer war eng Stroossegang ma Baseballkapen. Hier Kuliss huet sech dann och Accoustic Avenue genannt.

Den Album Sportfeunde Stiller MTV Unplugged in New York ass um Dag vun haut virun 11 Joer eraus komm. Kuerz drop stoung en an Däitschland ob der Plaz 1 vun den Charts