Zanter méi wéi 35 Joer maachen Red Hot Chili Peppers Musek an dat ganz erfollegräich. Och nach haut. Ma virun 14 Joer hunn d'Red Hot Chili Peppers et fäerdeg bruecht a 25 Länner op der Plaz 1 vun den Charts ze stoen.

18/05/2020 Pop History: RHCP a 25 Länner Top

Stadium Arcadium war den Album deen d'Red Hot Chili Peppers am Joer 2006 erausbruecht hunn. E sollt um Dag vun haut viru 14 Joer op d'Nummer eent vun den Charts klammen. An direkt a ganze 25 Länner. Dorënner och Lëtzebuerg.
Bannent enger Woch goufen 3 Mio Kopië verkaf.
Domat knäppt d'Band un de Succès vun de leschten Albumen un. Änlech gutt gelaf ass et fir Californication a By the way. A wéi den Zoufall et wollt, gëtt dann och hei erëm e Lidd iwwer Dani California
Wéi déi Iddi entstanen ass dat huet de Sänger an engem Interview verroden.

"Zu deem Zäitpunkt hunn ech et net direkt realiséiert, wéi ech de Funkege Groove héieren hunn, wousst ech, dass de Moment komm war eng Geschicht ze zielen. Ma net am klassesche Sënn, d'Enn vun dëser Geschicht ass op"

Et ass d'Geschicht vun engem Meedchen. Ma am Lidd huet de Sänger gemierkt dass en am Lidd By The Way vun deem selwechte Meedche sengt. Dofir sollt et bei Dani California en neit Kapitel ginn. Ma dunn koum eraus dass eng änlech Geschicht am Lidd Californication opdaucht.
Den Album Stadium Arcadium ass en Duebelen Album. Et war souguer geplangt 3 CD'en an den Album ze paken esouvill Iddie goufen et.
Den Album selwer ass musikalesch nees méi staark wéi déi Versioune virdrun. De Funk ass erëm do.
Domat gouf Stadium Arcadium zu den erfollegräichsten Albume vun de Red Hot Chili Peppers. 7 Mol war Band mam Album am Joer 2007 fir e Grammy nominéiert. 5 konnten se mat Heem huelen.
Fir d'Saach op der Zeremonie Ronn ze maachen hu se e Stéck aus dem Album gespillt. Snow