Mat engem speziellen Toun, deen och nach geklaut gouf op der Nummer 1 vun den Charts ze stoen ass net esou evident. De Paul Hardcastle bréngt dat fäerdeg a schreift Zäitgeschicht.

19/05/2020 Pop History: Paul Hardcastle

D'Lidd 19 (nineteen) vum englesche Museker Paul Hardcastle steet ganzer 5 Wochen op der Nummer 1 vun den englesche Charts. D'Lidd besteet aus engem Toun, dee bei enger amerikanescher Doku "geklaut" ginn ass. Et war e Film iwwert de Vietnamkrich. Et war Zoufall dass den Hardcastle dëst op der Tele gesinn huet. De Numm vun der Doku war: Vietnam Requiem, an dorausser wollt hien e Lidd maachen.

De Paul Hardcastle huet also säi Keyboard geholl, iwwregens deen éischte mat deem ee Sample konnt, en huet den Toun vun der Tele geholl a sech dësen op d'Taste geluecht.
Et ass e musikalescht Dokument dat déi fréi Technik vum Samplen weist. Dorop ass den Hardcastle stolz, och wann en dat haut net méi esou géif maachen.
D'Press war alles anescht wéi begeeschtert. Ma de Museker krut vill Post vu Vietnam-Veteranen an deenen se him fir d'Lidd Merci soten an him hier Ënnerstëtzung ausgesprach hunn.
Am Lidd Nineteen, also 19, geet et ëm den Duerchschnëttsalter vun den Zaldoten déi am Vietnam un der Front waren. En Ëmstand deen och ëmmer erëm an de Protestlidder an de 60er Joren op d'Tapéit kënnt. Et sinn ëmmer déi al déi e Krich ufänken, an déi jonk déi dobäi stierwen, esou sengt den Amerikaner Phil Ochs an I Ain't Marching Anymore

10 Joer nom Enn vum Vietnamkrich, de 19. Mee 1985 steet de Paul Hardcastle mat sengem Protestlidd op der Nummer 1 vun den englesche Charts. Och bei eis war d'Lidd ganz uewe vertrueden.
Dat war haut viru 34 Joer.