Haut geet et ëm den 8. Studioalbum vu Green Day. 21st Century Breakdown. Den Album koum de 15. Mee vum Joer 2009 eraus. Nëmmen 1 Woch méi spéit huet den Album de Sprong an d'US-Charts gepackt, souguer bis op d'Eent

22/05/2020 Pop History: 21 Century Breakdown

American Idiot war deen Album, deen 21st Century Breakdown ofgeléist huet. Dësen Album hat sech 12 Mio mol verkaf. Do läit et op der Hand dass d'Band deen Een oder anere Problem domat hat fir nei Lidder ze schreiwen.
D'Produktioun vum Album 21st Century Breakdown huet ganzer 3 Joer gedauert. De Sänger vun der Band, de Billie Joe Armstrong, huet déi Zäit als eng Zäit voller Angscht beschriwwen. Et wier fir d'Flemm ze kréien. Et muss een et fäerdeg bréngen den Album American Idiot ze toppen. Dofir ass et den usprochsvollen Album deen d'Band jee gemaach huet
A keen aneren Album huet d'Band méi Zäit an Energie investéiert. Doduerch goufe se och nach all Krank.
D'Schreiwe vun de Lidder ass am Januar vum Joer 2006 lass gaangen. Et war direkt no der American Idiot Tournée. 45 Lidder sinn entstanen. Fir den Album kënnen ze produzéieren hu Green Day de Butch Vig als Produzent engagéiert. Hien huet scho mat Bands wéi Nirvana, Foo Fighters oder och Garbage geschafft. Et wollt een nei Weeër goen. Et gëtt anescht gesongen an et gëtt um Piano gespillt. Dat huet dozou gefouert dass d'Opnamen e gutt Joer gedauert hunn.

D'Aarbecht un dësem Album sollt esou intensiv ginn dass de Billie Joe Armstrong sech huet missen distanzéieren. Aus deem Grond huet hien am Dezember vum Joer 2007 d'Band Foxboro Hot Tubs gegrënnt an ënnert deem Numm am Abrëll vum Joer 2008 den Album Stop Drop & Roll eraus bruecht. Den Album gouf vun der Musek aus de 60er inspiréiert.

Déi éischt Lidder vum Album 21st Century Breakdown goufen dann am Abrëll vum Joer 2009 live presentéiert. Tour huet den 03 Juli ugefangen.