An der Pophistory vun haut hu mer direkt zwee Museker déi geéiert gehéieren. De Lee Ryan an de Craig David. Laurent Gillander

24/05/2020 Pop History: Lee Ryan vs Craig David

De Lee Ryan, den Ex Sänger vun der Boyband Blue ënnerschreift viru 15 Joer e Solo Plackekontrakt deen him 800.000 Euro séchert.
Seng Karriär huet am Alter vu 16 Joer ugefaangen. Tëscht de Joren 2001 an 2005 huet hie mat senge Boyband Kolleegen iwwer 10 Mio Placke verkaf.
an engem Interview sot hien eemol dass seng Mamm hien ëmmer motivéiert hätt fir ze sangen. Déi wosst anscheinend vun Ufank un dass Blue e richtegt grousst Sprangbriet fir hien ass. An, se wousst anscheinend och dass en enges Daags en Album fir sech eleng maache sollt.
Seng Mamm konnt et deemno net erwaarde bis en eppes als Solokënschtler mécht. Si huet hien extrem motivéiert.
Dem Lee Ryan säin éischte Solo Hit war Army Of Lovers a seng 2. Single Turn Your Car Around.
Turn Your Car around ass e Cover deen am Original vun enger Band aus Neiséiland. Et si vill Leit déi dat net wëssen. Ma well d'Lidd esou déif gesonge ginn ass huet de Lee Ryan dat ganzt e puer Téin méi héich gesonge soss hätt dat mat der Stëmm net geklappt.
20 Joer sinn et dann hier dass de Mr Craig David seng Erfolleger genéisse konnt. Och wann et bei de Brit Awards net duer gaangen ass esou kann hien sech awer iwwer e britteschen Ivor freeën- Jo hie krut der souguer 2. Als beschte Songwriter a fir d'Lidd 7 Days als Song vum Joer
Domat bréngt hien et fäerdeg am selwechte Joer fir eng 2. Kéier op d'Nummer 1 vun den Charts ze klammen. De Craig David genéisst säin Erfolleg, weess awer dass dësen net unhält wann e net dofir schafft. Seng Taktik an de jonke Jore schaffe fir spéider d'Pensioun ze genéissen.
Also Business as Ususal.