10 Wochen sti Snap mat 'Rhythm Is A Dancer' op der éischter Plaz vun den däitsche Single Charts a lauden domat e neit Zäitalter an der Museksbranche an. Dat sinn op den Dag genee 28 Joer hier.

25/05/2020 Pop History: Rythm Is A Dancer

Am Joer 1989 hunn déi 2 Frankfurter Produzente Michael Münzing a Luca Anzilotti den Eurodance Projet Snap gegrënnt. Schonn ee Joer méi spéit hate si hiren éischte Succès mam Lidd The Power. Si goufen direkt international bekannt. Dat net zulescht well am Lidd Elementer vun Hip Hop an Dance kombinéiert waren

De Numm Snap huet de Projet iwwregens vun engem Sequencer. Et war eng Funktioun hei drop. Déi 2 Produzente waren domat quasi Grënner vum Eurodance. Keen huet den amerikaneschen Dancemusek Produzente méi Konkurrenz gemaach wéi si.

Nom Hit The Power huet et och net méi laang gedauert bis hir wuel gréisste Single erauskomme sollt. Rythm Is A Dancer.
D'Lidd baséiert um Lidd Auto Man vu Newcleus déi an den 80er Joren an Amerika als Hip Hop Museker aktiv waren.

Ma och am Lidd Money vum Album The Madman's Return aus dem Joer 1992 fënnt een dës Melodie erëm.
Rythm Is A Dancer ass déi éischte Single iwwerhaapt déi en neit Zäitalter an der Musekszeen agelaut huet. Et war de Startschoss fir den Eurodance. Engem Museksstil deen haut vum Volleksmond nach gäre Plastikstechno genannt gëtt.
Iwwregens bei Snap war et esou dass si dacks d'Sängerinne getosch hunn. Bis haut hu sech 8 Fraen de Mikro an d'Hand ginn. Woubäi de Rapper Turbo B nach ëmmer dee selwechten ass. Fir Rythm Is  Dancer huet Thea Austin gesongen.