Den 26. Mee 1964 kënnt zu New York de Lenny Kravitz op d'Welt. De Museker, deen en enormt Potential huet, ass eng Konstant am Museksgeschäft. Seng Aktivitéiten huet hien esouguer bis an d'Schauspillerei ausgebaut.

26/05/2020 Pop History: Happy Birthday Lenny Kravitz

Scho fréi wousst de klenge Lenny, dass hien eppes mat Musek a sengem Liewe maache wéilt. Dat loung deels wuel och dorunner, dass säi Papp Jazzconcerten organiséiert huet. A senger Zäit als High School Schüler hëlt de Lenny Kravitz éischt Lidder ënnert dem Pseudonym Romeo Blue op, refuséiert awer e puer Mol Plackekontrakter, well d'Plackefirme seng Musek méi radiophon maache wollten.
1989 klappt et dann awer a säin Debutalbum LET LOVE RULE kënnt eraus, klasséiert sech awer just op der 61 an den USA an der 56 an England. Säin éischte Coup als Museker lant de Lenny Kravitz 1990 wéi hien de kontroverse Madonna-Hit JUSTIFY MY LOVE schreift.
Am Joer drop geléngt him mat sengem zweete Solo-Album den definitiven Duerchbroch als Museker. MAMA SAID a virun allem d'Single IT AIN'T OVER 'TIL IT'S OVER maachen aus him e Star:
Nëmmen zwee Joer drop konfirméiert hie säi Potential mam Album ARE YOU GONNA MY WAY.
Duerno komme 6 Joeren an deenen hie liicht manner kommerzielle Succès huet, ier him 1999 de grousse Worf mam Album FIVE an der Single FLY AWAY geléngen, seng erfollegräichst Single weltwäit.
Fir dat Lidd kritt de Kravitz 99 och de Grammy an der Kategorie vun der Best Male Rock Performance, eng Kategorie, déi hien an den 3 Joeren duerno all Kéier gewënnt. 2000 mat AMERICAN WOMAN, 2001 mat AGAIN an 2002 mat DIG IN.
E weidere groussen Hit geléngt dem New Yorker, deen zënter 2008 awer zu Paräis doheem ass, an deem Joer mat der Ballad I'LL BE WAITING.
Nieft der Musek, déi hie selwer mécht huet de Lenny Kravitz och ëmmer nees als Produzent geschafft an dat fir Leit ewéi Vanessa Paradis, Mick Jagger, Mary J Blige oder och nach Pharell Williams. Zënter 2009 ass de Kravitz och emol als Schauspiller ze gesinn. Zum Beispill an den zwee THE HUNGER GAMES Filmer. Eng Roll, fir déi hien net emol huet mussen e Casting maachen.
EXTRAIT LOW Fade OUT