D'Mariah Carey hat scho besser Zäiten an hirer Karriär, wéi dat de Moment de Fall ass. Kommt, mer erënneren eis nach eemol un déi zeréck.

27/05/2020 Pop History: Mariah Carey a "We Belong Together"

Mam grousse Succès vun der Single We Belong Together gëtt Mariah Carey zu der erfollegräichster Sängerin vun allen Zäiten. We Belong Together ass de 16. Nummer 1 Hit vun der Musekerin. Keng aner Fra huet et fäerdeg bruecht méi Lidder op der Nummer 1 vun den Charts ze hunn wéi d'Mariah Carey.
Bei de Männer hale Leit wéi den Elvis Presley an Beatles dëse Rekord.
Mariah Carey hat et mat We Belong Together gepackt eng laang Duuscht-Streck op en Enn ze bréngen. Seng Karriär hat duerch d'Albume Charmbracelet a Glitter e bësse gelidden. Et waren Albumen déi iergendwéi kee kafe wollt.
Elo geet awer rieds vum Wierk The Emancipation Of Mimi. Mat deem Album ass de ganze Rescht vergiess. D'Mariah Carey villt sech fräi a genee dat soll den Albumtittel och ausdrécken. Mimi ass iwwregens ee vu senge ville Spëtznimm.
Um The Emancipation Of Mimi huet d'Mariah Carey eemol net ob déi aner gelauschtert. Gutt Rotschléi wéi: Sang dat e bëssen esou a maach manner Gefill an d'Zeil huet hat net ugeholl. Hatt huet d'Lidder gesonge wéi hatt se och gefillt huet.

De Succès huet der Sängerin Rescht ginn. An den éischten 2 Méint huet sech den Album 2 Mio mol verkaf. Ma Lidd We Belong Together packt Mariah Carey et op engem 27 Mee vum Joer 2005 de 16. Nummer 1 Hit vu senger Karriär ze landen.
Hatt gouf domat zur erfollegräichster Sängerin vun allen Zäiten. Dës Plaz hat Mariah Carey souguer nach ausgebaut. Et koumen nach 2 Lidder vum Albume raus déi en Hit goufen.