Succès kënnt net vun haut op muer. Dat wichtegst ass hei awer um Ball ze bleiwen a net direkt d'Bengelen bei Tromm ze geheien, obwuel, Maroon 5 hu dat mat de Bengelen richteg gemaach. Laurent Gillander

28/05/2020 Pop History: Maroon 5

Maroon 5 placéieren hiren 2. Album It Won't Be Soon Before Long aus dem Stand eraus op d'Plaz 1 vun den Charts. Si iwwerhuelen domat Linkin Park mam Album Minutes To Midnight.
Hiren Debutalbum Songs About Jane, hu Maroon 5 schonn am Joer 2002 eraus bruecht. 2 Joer si vergaangen ier d'Band esou richteg beim Publik bekannt ginn ass.
Ee vun hiren éischte Concerten an eiser Géigend spillen si am Joer 2004 op engem Festival an Däitschland.
Songs About Jane huet sech vun deem Moment un gutt verkaf. De Sänger Adam Levine sot an engem Interview dass en héieren hätt dassen si 10 Mio Placke verkaf hätten. E konnt dat net gleewen an huet gemengt dat wier zevill. Vun elo un ware Maroon 5 an enger confortabeler Positioun. A fir dat wat ee sech opgebaut huet net direkt erëm futti ze maachen huet d'Band ganzer 5 Joer um 2. Album geschafft.

E Plang dee sollt opgoen. Den 28 Mee vum Joer 2007 steet It Won't Be Soon Before Long op der éischter Plaz vun den engleschen Albumcharts. Fir hier 1. Single Makes Me Wonder kréie si e Grammy. Am Lidd geet et ëm déi deemoleg amerikanesch Politik.

Kucke mer nach e Stéck zeréck a gi bei de Rock In Rio Festival. Dësen huet awer net zu Rio stattfonnt ma zu Lissabon. Et waren 2 1/2 Woch virun der Fussball EM a Portugal. Et war déi éischte Kéier dass de Festival net zu Rio war.
Bannent 6 Deeg trieden hei eng 70 Bands ob. Vu Pop bis Heavy Metal eriwwer bei HipHop a Reaggae ass hei alles dobäi. Et sti Kënschtler wéi Metallica, Britney Spears, Sting oder Alicia Keys ob der Bühn.

Fir de 25 Mio Euro deiere Festival huet een am Oste vu Lissabon souguer eng eegen Rockstad opgeriicht. Iwwregens setzt de Festival sech och fir e gudden Zweck an, dat ass dann och de Grond firwat vill Museker op hier Gage verzicht hunn.