De Noel Gallagher war bis am August vum Joer 2009 den Haaptkomponist vun Oasis. Dernieft gouf hien an de 90er zu engen vun den Haaptfiguren wat de Britpop ugeet. Den 28. August vum Joer 2009 huet Oasis sech opgeléist. De Noel Gallagher kritt haut 53 Joer.

29/05/2020 Pop History: Happy Birthday Noel Gallagher

Et konnt ee sech kee bessere Start wënschen. Direkt déi 2 éischt Albume vun Oasis waren extrem erfollegräich. Band krut an England de Superstar Status a si mat de Beatles verglach ginn. Den Zweeten Album (What's The Story) Morning Glory gouf esouguer no Sgt Pepper's Lonely Hearts Club Band de bis ewell erfollegräichste Studioalbum an England
CUT
De Gallagher krut de Numm vun engem geniale Songschreiwer no John Lennon a Paul McCartney.
De séieren Erfolleg an dat schnellt Geld hunn dozou gefouert dass de Noel Gallagher e luxuriéise Liewensstil féiere konnt. Doduerch dass hien sämtlech Droits d'Auteuren hat, war säin Akommes duebel esou héich wéi dat vum Recht vun der Band. An och wann hien ni e Führerschäin hat, esou huet hien sech e Fuerpark opgebaut dee senges Gläiche sicht. Fir de Gallagher huet dat zum gudden Toun vun der Musek gezielt
CUT
Seng Gittaren, vun deenen hien der 100ten hat sinn um Enn am Fliger First Class geflunn an eng eege Sëtzplaz.
Mam Drëtten Album aus dem Joer 1997 huet d'Fassad ugefaange futti ze goen. Et war zwar deen Album deen dem Michael Jackson säi Bad ofgeléist huet wat d'Vitess vun de Vente ugeet. Ma no a no si Kriticken haart ginn. Weiderentwécklung huet de Leit gefeelt. Lidder waren ze laang. An der Texter huet den Zauber gefeelt. D'Band war ze vill verwinnt. Zäiten aus deenen alles aus dem Näischt koum ware vun elo un eriwwer.
CUT
An och wann een nach probéiert eppes ze änneren esou war dat ni vu laanger Dauer. D'Band ass relativ séier an hiert alt Raster gefall. Um Enn, et war em d'Joer 2000 huet een net méi vill vun hinnen héieren
CUT
Eréischt mat den Albumen Heathen Chemistry an Don’t Believe the Truth ass erëm besser gaangen. Nom 7. Album am Joer 2008 an no engem Tëschefall bei engem Concert wou e Fan ob Bün gesprongen ass an dem Gallagher e puer Rëppe gebrach huet hien am August vum Joer drop d'Enn vun Oasis bekannt ginn. Et war e Sträit tëscht dem Noel a sengem Bridder dem Liam. Doduerch gouf souguer de Concert zu Paräis ofgesot.
Nach bis haut kommen ëmmer erëm Rumeuren ob d'Band géif sech erëm verdroen. Bis ewell ass näischt dovun ze erkennen.