46 Joer feiert haut d'Alanis Morissette, méi Informatiounen zu der kanadesch-amerikanescher Musekerin liwwert eis de Laurent Gillander.

01/06/2020 Pop History: Happy Birthday Alanis Morissette

Mat méi wéi 60 Milliounen verkaaften Albe kann een d'Alanis Morissette zu de ganz Grousse am Musekbusiness zielen. Als Kand war si schonns vun der Musek ugezunn, hat mat 6 Joer Pianospille geléiert a schéckt 1987 hir éischt Demobänner u Studioen an effektiv Ufank der 90er Joren bréngt si do hiren Debutalbum Alanis a Kanada eraus.

Nodeems hiren zweeten Album d'Joer drop net den erwënschte Succès bréngt, plënnert d'Alanis Morissette op Los Angeles, wou si och Gitarrspille léiert. An de Studioe waren se impressionéiert vun dëser aussergewéinlecher Stëmm, déi och immens gutt zum Virschäin kënnt um Album ''Jagged Little Pill', deen den internationalen Duerchbroch bréngt.

Dat war Fréijoer 1995 an Jagged Little Pill brécht all Rekorder. Vun dem Album goufen ausgekoppelt You oughta know, All I Really Want, Hand in My Pocket,Ironic, You Learn an Head over Feet
1996 gouf et dofir bei de Grammy Awards, de Grammy fir Best Female Rock Vocal Performance, fir Best Rock Song, Best Rock Album an Album of the Year. Domadder war den Numm Alanis Morissette omnipresent. 8 Studioalbume goufen et bis elo, dee leschten 2012 Havoc and Bright Lights
E weidert Lidd dat 1998 mat 2 Grammien ausgezeechent gouf war Uninvited fir de Film ''City of angels''.

D'Alanis Morissette selwer war och mol a Filmer ze gesinn, ënnert anerem am Film Dogma nieft Matt Damon, Ben Affleck an Alan Rickman, an deem si Gott spillt. Si war dann och a Serien derbäi, wéi a Sex and the City , huet och Theater gespillt an hat sech zesumme mam Akteur Keanu Reeves um Dokumentarfilm iwwert déi global ErwärmungThe Great Warming bedeelegt

Si ass schonns beschäftegt, och wa se net sengt, sou hat d'Musekerin dat lescht Joer eng eege Kolumne bei der englescher Dageszeitung The Guardian. A si ass bestuet mam Rapper Souleye an ass Mamm vun engem Fils an enger Duechter.