Viru 14 Joer steet den 3. Studioalbum vun der amerikanescher Band Linkin Park op der 1 an de Billboard Albumcharts.

Nodeems hiren éischten Album Hybrid Theory 2000 nach de Sprong op d'1 an den USA knapp verpasst hat, realiséiert d'Band ronderëm de Mike Shinoda mat Minutes To Midnight hir zweet Album-Nummer 1 an de States. Eng Woch laang ass den drëtte Longplayer vu Linkin Park top:
Et war de Museker vu Linkin Park wichteg sech an hir Musek an e bëssen och hire Style, mat deem se an den éischte Jore vum 21. Joerhonnert richteg erfollegräich waren, nei ze definéieren. Dat ass geschitt andeems de Mike Shinoda den Album net alleng, mä zesumme mam Produzent Rick Rubin, dee virdru scho mat Bands wéi de Red Hot Chili Peppers, AC/DC oder Weezer zesummegeschafft hat, produzéiert huet:
D'Rezept wat de Rick Rubin an de Mike Shinoda fonnt haten huet funktionéiert. Net just an den USA geet Minutes To Midnight op d'1, mä och an England an Däitschland, zum Beispill, wou deen 3. Linkin Park-Album deen 3. erfollegräichsten Disk vum Joer 2007 gouf.
Dozou bäigedroen hunn, nieft der éischter Single What I've Done, nach 4 weider Singleauskopplungen, zum Beispill Shadow Of The Day.
An och déi 5. a leschte Single Leave Out All The Rest, déi virun allem an Europa richteg gutt ukomm war:
Mam Album Minutes To Midnight am Gepäck ware Linkin Park dunn och 2007/08 op grousser Welttournée. Net manner ewéi 93 Concerten an Amerika, Asien, Australien an Europa hu Mike Shinoda a Co esou bis Mäerz 2008 gespillt.