Den 13. Juli vum Joer 1985 war de Live Aid. E Benefice-Concert zu Gonschten vun Afrika. De Bob Geldof kritt ee Joer méi spéit d'Unerkennung dofir an zwar vun der Queen selwer.

14/06/2020 Pop History: Band Aid Vs. Puff Daddy

De Bob Geldof gëtt um Dag vun haut viru 34 Joer vun der Queen zum Ritter ernannt. Domat gouf dem Geldof säin humanitären Asaz an der drëtter Welt belount. Well de Bob Geldof Ier ass kann hien awer net zum Ritter geschloe ginn. Ma virun der englescher Press gëtt hie Sir Bob oder Saint Bob genannt. Am Joer 1985 huet de Geldof de Benefice-Concert Live Aid organiséiert. De 15. Juli hunn am Londoner Wembley- an am JFK Stadion zu Philadelphia 16 Stonne laang Stare wéi de Sting, Phil Collins, U2, Queen oder och de Bryan Adams gespillt fir esou Sue fir d'Afrikahëllef ze sammelen. Villes war net esou einfach. Et huet een de Stare jo och missen erkläre firwat si hei spillen.
De Freddie Mercury krut z.B erzielt dass wann e net mat Queen spille géif villes an der Press schlecht gemaach géif ginn. Sou kléng Erpressungen hunn dofir gesuergt dass hei e Line-Up op der Bühn stoung deen d'Welt esou nach net gesinn huet.
De Concert gouf an iwwer 100 Länner iwwerdroen. Méi wéi 1,5 Mia Leit hunn d'Show gekuckt. Um Enn koumen 140 Mio Dollar eran.
Virun 22 Joer stoung de Puff Daddy mat sengem Lidd I'll Be Missing You op der 1 vun den amerikanesche Charts. Fir d'Lidd hat sech de Puff Daddy den Hit Every Breath You Take vu Police erausgesicht.
Gewidmet ass d'Lidd sengem Kollegen Notorious BIG deen nëmmen e puer Woche virdru vun Onbekannten erschoss gouf. Zesumme mat der Wittfra vum Notorious BIG dem Faith Evans hëlt hien d'Lidd op.
D'Recette vum Lidd ware fir d'Kanner vum verstuerwene Rapper. Am Lidd geet et ëm Gefiller et ass eng Zort Dialog wou deen een deem aneren zielt wéi et ëm geet. Et ass e schéint Lidd mat enger schéiner Erënnerung.
Mat der Musek kann een ebe vill Positives bewierken.