Haut virun 35 Joer huelen den David Bowie an de Mick Jagger zesummen e Lidd op:

29/06/2020 Pop History: "Dancing In The Street" entsteet

Et ass den Titel Dancing In The Street, deen am Original aus dem Joer 1964 vun der Motown-Kult-Band Martha & The Vandellas ass:
D'Original vun Dancing In The Street war eng Nummer 2 an den USA an eng Nummer 4 an England. Do kann d'Versioun vun Bowie an Jagger mat enger éischter Plaz de Succès vum Original esouguer toppen, an den USA klëmmt d'Neiinterpretatioun vum Sixties-Klassiker ëmmerhi bis op d'Plaz 7 vun de Billboard Charts:
U sech wollten déi zwee dat Lidd zwou Wochen méi spéit um gigantesche Benefice-Concert Live Aid zesumme sangen, den David Bowie zu London am Wembley Stadion an de Mick Jagger zu Philadelphia am JFK Stadium, mä wéinst engem Delai vun enger hallwer Sekonn an der Satellitteniwwerdroung klappt dëse Projet net, esou dass béid Museker d'Lidd den 29. Juni 1985 zesummen an de Westside Studioen zu London ophuelen.
An den Deeg duerno dréie se och nach e Videoclip, deen dann zwee Mol beim Live Aid Concert gewise gëtt.
Den Nummer 1 Succès vun Dancing In The Street an England ass fir béid Kënschtler och éischter aussergewéinlech. Fir den David Bowie ass et eréischt déi zweet Nummer 1 am UK no senger Zesummenaarbecht mat Queen fir den Titel Under Pressure.
A fir de Mick Jagger ass et déi éischt Nummer 1 a senger englescher Heemecht zënter Honky Tonk Women, zesumme mat de Rolling Stones, aus dem Joer 1969, also 16 Joer virdrunner:
Am Joer 2011 leeft de Videoclip vunDancing In The Street a senger Integralitéit an der 19. Episod vun der 9. Family Guy Saison a gëtt do vum Peter Griffin als schwulste Videoclip vun allen Zäiten annoncéiert: