Ring My Bell ass deen eenzegen groussen Hit deen d'Anita Ward hat. D'Lidd stoung haut virun 41 Joer an den engleschen an an den amerikaneschen Charts op der Nummer 1.

30/06/2020 Pop History: One Hit Wonder Anita Ward

Wien sech no engem One Hit Wonder richteg uleet deen brauch keng finanziell Problemer ze fäerten. Wéi d'Anita Ward dat ganzt geréiert dat weess ech zwar net, ma säin Hit Ring My Bell ass een deen déi ganz Disco-Ära geprägt huet.
Am Joer 1979 ass dem Anita Ward dat gelongen. Ma wien ass déi Fra eigentlech vun där ee just kuerz e Schiet an der Welt vun der Musek ze gesi krut.
Si huet en Ofschloss an der Psychologie an huet dunn als Schouljoffer geschafft éier si vum Produzent Frederick Knight e Kontrakt krut. Vum Knight krut si och d'Lidd Ring My Bell ugebueden. D'Lidd war eigentlech fir Stacy Lattisaw geschriwwe ginn.
Ma d'Anita Ward war kee Frënd vun der Disco Musek a scho guer net vum Lidd. Huet sech dunn awer iwwerriede gelooss an am Joer 1979 de Wee an de Studio fonnt.
D'Lidd konnt souwuel an Amerika wéi och an England op Plaz eent vun den Charts klammen.
A ville anere Länner stoung et an den Top 5.
Spéider ass et zu engem Sträit tëscht der Sängerin an dem Produzent komm. En Autosaccident huet dofir gesuergt dass d'Anita Ward seng Karriär huet missen un de Nol hänken.
Eng weider Single déi nach nokoum war Don'T Drop My Love. Dës konnt awer net méi u Ring My Bell uknäppen. D'Lidd positionéiert sech op der 87. Plaz an den USA.
Den 2. Album deen an der Haaptsaach nëmmen Balladen als Contenu hat ass praktesch guer net bei de Leit ukomm.
Ma nach trëtt d'Anita Ward op. Bei Sportsevenementer z.B do sengt hatt dann säi eenzegen Hit. Ring My Bell.
E klassesche One Hit Wonder!