Eng Band déi näischt ubrenne gelooss huet, an direkt Neel mat Käpp gemaach huet ass Bon Jovi. Si sinn nach haut am Museksgeschäft relativ erfollegräich ënnerwee. Um Dag vun haut, viru 37 Joer ënnerschreiwe si den éischte Plackekontrakt.

01/07/2020 Pop History: Bon Jovi ënnerschreiwen den éischte Plackekontrakt

Mat Glam-Metal huet Bon Jovi ugefangen. An de 90er hunn se dunn se Stil geännert a spillen zanterhier Mainstream-Rock. D'Band huet sech an den 80er zu New Jersey gegrënnt a bis haut 130 Mio Placke verkaf.
Et war en Optrëtt als Virband beim Grupp Scandal wou den Derek Shulman d'Band entdeckt huet. Si kruten direkt e Plackekontrakt bei Polygram. E Kontrakt deen et nach haut an där Form gëtt. Den Debutalbum Bon Jovi ass den 21. Januar vum Joer 1984 erauskomm. Kuerz drop ware Bon Jovi Virgrupp bei de Scorpions.
Et ass weider monter Musek geschriwwen a produzéiert ginn. De Succès dovun war net ëmmer dee beschten den Album 7800 Grad Fahrenheit war kee groussen Erfolleg. Eréischt d'Wierk wat dono koum ass erëm besser gelaf. De Numm: Slippery When Wet. Den Duerchbroch! Normal mat Lidder wéi Livin' on a prayer oder you give love a bad name.
Ugangs de 90er koum et zu Sträit tëscht dem Jon Bon Jovi an dem Manager. Kuerz Paus fir d'Band an där vill Museker vu Bon Jovi Solo ënnerwee waren.
No de Soloprojeten huet jiddereen sech erëm verdroen fir dann de 5. Album Keep The Faith eraus ze bréngen. E Wierk wat sech net gutt verkaf huet. An Amerika ass den Album gefloppt. An Europa huet e sech gutt verkaf.
Bei den MTV Music Awards vum Joer 1989 spille den Jon Bon Jovi an de Richie Sambora d'Lidder Wanted Dead Or Alive an Livin On A Prayer op der Akustescher Gittar. Et war d'Gebuertsstonn vum MTV Unplugged.
Nach bis haut ass Bon Jovi méi oder wéineger erfollegräich ënnerwee. Op engem Talent-Concours ass de Bon Jovi mat senger Highschoolband nëmmen op déi leschte Plaz komm. Seng Suen hien déi Zäit an enger Fastfood-Châine verdéngt.