Et ginn Zoufäll déi dinn engem net leed. Dem Dante Thomas ass et esou ergaangen. Hien huet awer och d'Erfahrung gemaach wéi et ka sinn wann een op eemol e Superhit hat. Sou ass et dem Dante Thomas gaangen, deen haut virun 19 Joer an den däitschen Charts op der 1. steet.

02/07/2020 Pop History: Den Dante Thomas a Miss California

De Newcomer Dante Thomas bréngt et direkt mat senger éischter Single fäerdeg Plaz 1 an den däitschen Single-Charts an ze huelen. Mam Lidd Miss California konnt hien awer och an aneren europäeschen Länner en Top 30 Hit landen.
Entdeckt gouf den US-Amerikanesche Museker deen zu Salt Lake City zu Utah grouss ginn vum Ex Fugees Rapper a Produzent Pras Michael. De Pras Michael hat am Joer 1998 en Hit mat Ghetto Superstar.
Kennegeléiert haten déi 2 sech an der Hit Factory zu New York, engem Studio dee fir seng berühmte Clientèle berühmt war. De Studio huet seng Dieren den 01 Abrëll vum Joer 2005 fir ëmmer zou gemaach. Hei huet den Dante Thomas dem Pras Michael e Lidd vum Stevie Wonder virgesongen a koum domat ganz gutt un. D'Stëmm huet dem Rapper gefall. Déi 2 hu sech owes RDV ginn fir eng Demo Versioun vum Lidd Miss California op ze huelen.
D'Zäit war begrenzt, et hat ee just 4 Stonnen Zäit wat net vill ass wann een am Museksbusiness nach net esou bewandert ass.
Iwwerdeems den Dante Thomas d'Enregistrement gemaach huet ass de Pras Michael iesse gaangen. Den Dante Thomas war sech bewosst dass hien just eng Chance hat.
No 3 1/2 Stonn war d'Lidd dunn an der Këscht.
Beim lauschtere vum Lidd koum déi éischte Kéier iwwerhaapt kee Feedback. Eréischt no der 2. Kéier war een der Meenung dass dat e Smash Hit kéint ginn. Et louch e richteg. D'Lidd gouf zum Hit an den Dante Thomas krut e Plackekontrakt.
Um Enn ass den Museker mat N Sync op Tour gaangen. Et gouf awer och e Problem. Doduerch dass déi éischt Single esou e groussen Erfolleg war ass et relativ schwiereg ginn un dee Succès nach eemol unzeknäppen.
Et gouf decidéiert eng kleng Paus ze maachen fir sech nei ze fannen. En 2. Album koum nach eraus, dono huet den Dante Thomas säi Liewensmëttelpunkt op Hamburg verluecht. Hei hat e spéider nach eemol en Hit zesumme mam Revolverheld Gittarist Chris. D'Lidd kennt ocht jiddereen. Et ass och bei eis gutt ukomm: "Ich Liebe diese Tage".