E Bléck an déi britesch Charts vun de Joeren 1982 an 1995.

03/07/2020 Pop History: DaDaDa & dem Scatman seng Welt

Déi däitsch Grupp mam Numm Trio steet mat hirem Hit Da Da Da (Ich lieb mich nicht du liebst mich nicht) op der 2. Plaz vun den engleschen Single-Charts.
D'Museker ëm de Stephan Remmler ginn dann vun deem Moment un och international bekannt. De Motto vun Trio war ëmmer deen heiten: Maach mat esou wéineg Instrumenter wéi nëmme méiglech Musek. Dernieft war et hinnen wichteg ëmmer déi néideg Portioun Phantasie a Witz mat eran ze bréngen.
Si hate just 2 Instrumenter. Eng kleng Batterie an eng Gittar.
Den éischten Album vun Trio gouf nëmme 6000 mol gepresst. Si ginn op Tour, spillen op klenge Locations wéi Plakkebutteker. Doduerch sollten och Leit op hier Concerten owes an de Clubs ugezunn ginn.
A genee während esou engem Optrëtt schenkt hinnen e Journalist e japaneschen mini spill Keyboard. De Sänger de Stephan Remmler ass vum Apparat deen viru sech hi gepiipst huet esou begeeschtert dass en domat d'Lidd Da Da Da geschriwwen huet.
Esouguer de Manager huet d'Lidd esou gutt fonnt dass hien kuerzerhand decidéiert huet de Bass ze spillen. D'Annette Humpe sengt am Refrain mat. D'Lidd gouf direkt en Hitt an Däitschland déi kleng Clubtour war séier ze kleng an dunn koum och nach en Optrëtt bei Top Of The Pops an England dobäi. D'Show koum esou gutt un dass Trio mat Da Da Da engem däitschen Text an den engleschen Charts op der Plaz Nummer 2 stoungen. Dat war op engem 3. Juli vum Joer 1982

An da gouf et nach deen heiten:
De Scatman John huet et op engem 3.07 vum Joer 1995 mam Lidd Scatmans World an Top Ten vun den Charts gepackt. D'Lidd war eng Invitatioun fir d'Leit mat a säi Scat World z'invitéieren. Hei gëtt et keen Ënnerscheed tëscht Kulturen a Rassen. De Scatman John war selwer en Tuddeler an dat huet hien schonn zimlech fréi an der Musek verschafft. 4 Joer nom Lidd ass den Scatman John oder den John Paul Larkin, wéi e richteg geheescht am Alter vu 57 u Longekriebs gestuerwen. Mat sengem Lidd wollt hien de Kanner weisen dass en d'Tuddelen an de Grëff kréie kann wann een et nëmmen acceptéiert.