Chaot, gestéiert an ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt. Den Ozzy Osbourne war Enn de 70er Joren d'Enfant Terrible am Musik-Business. Seng Hochzäit um amerikanesche Nationalfeierdag ännert awer Munches a sengem Liewen. Laurent Gillander.

04/07/2020 Pop History: Ozzy Osbourne gëtt bestuet

Et ass zu Hawaii wou den Ozzy Osbourne op engem 4. Juli vum Joer 1982 seng Managerin Sharon Arden bestit. D'Sharon ass Duechter vum Musek-Manager Don Arden, bei deem och déi legendär Hard Rock Band Black Sabbath mam Sänger Ozzy Osbourne ënnert Kontrakt steet.
Mir kenne Lidder wéi Paranoid.
Mat ë.a deem Lidd gëtt Black Sabbath zu gefeierte Rocker. Ma am Liewen vum Ozzy Osbourne leeft et net wéi et soll. Drogeproblemer zwéngen hien dozou eng Paus ze maachen. Am Joer 1979 verléist hien Black Sabbath.
Et ass Sharon Arden wat de Museker zeréck an d'Geschäft bréngt. Eng Solo Karriär fänkt un. Eng Geschicht bei där den Ozzy ëmmer erëm opfält. Op Concerten mécht hien déi onméiglechsten Saachen. E bäisst d'éischt enger Dauf de Kapp erof. Dono enger Fliedermaus.
Karriär geet mat Héichten an Déiften weider. Mir erënneren eis nach un d'Serie The Osbournes op MTV. Hei konnt ee gesinn wéi et bei den Osbourne's Doheem esou leeft
D'Serie hëlleft dem Osbourne erëm e Musekalesche Comeback ze feieren. Seng Fra Sharon an Kanner Jack a Kelly ginn dernieft selwer zu Staren. Dat eenzegt wat näischt dovu wëll wëssen ass Duechter Aimee. Hat refuséiert d'Osbourne-Show vu fir bis hannen.
An der Serie geet et ëm gesondheetlech Problemer ëm d'Erzéiung vun de Kanner jo souguer Drogeproblemer ginn hei Thematiséiert. Dem Ozzy seng Liiblingsbeschäftegung ass Fluchen, wéi hei wou den Hond Terrass an de Wues als Toilett benotzt huet.
Si kommen beim Public esou gutt un dass si fir de Format en Emmy kréien.
Mat der Hochzäit de 4. Juli huet Sharon dem Ozzy de néideg Ënnerstëtzung ginn a gouf esou am neie Joerdausend selwer zum Star.