Et gi Bands déi bréngen et fäerdeg sech onstierflech ze maachen. Queen ass z.B eng dovunner.

05/07/2020 Pop History: Queen forever

Zenter dem 5. Juli vum Joer 2005 si Queen déi erfollegräichste Band vun allen Zäiten. D'Band ëm de 1991 verstuerwene Freddie Mercury war am ganzen 1322 Wochen an den engleschen Charts.
Dat si 29 Wochen méi wéi d'Beatles déi bis dohin un der Spëtzt loungen. Et sinn déi zwee Greatest Hits Albumen déi dozou bäigedroen hunn. Si hu sech am ganzen 8 Joer an den Charts opgehalen.
Wahrscheinlech hätt keen dat am Joer 1970 gegleeft. An deem Joer gouf Queen gegrënnt. Zu de bekanntste Lidder zielen We Are The Champions, We Will Rock You Another One Bites The Dust an och Radio Ga Ga
De Succès bei der Band ass konstant bliwwen. All Album dee no hirem Duerchbroch am Joer 1974 erauskomm ass stoung op der Plaz eent vun den Charts. Mat ronn 200 Mio verkafe Albumen ass Queen eng vun de Weltwäit erfollegräichste Band op der Welt.
Eleng a Groussbritannien gouf hiren éischte Greatest Hits Album méi wéi 5 Mio verkaf. E Rekord deen bis dohin keen aneren schloe konnt.
A 16 Joer huet Queen méi wéi 700 Concerte gespillt.
Hei mierkt een alt erëm wien vill Schafft kann eppes am Liewen erreechen. Ma de Präis deen de Freddie Mercury um Enn bezuelt huet war en héijen.
Aner erfollegräich Kënschtler vun alle Zäite sinn den Elvis, U2, Dire Straits oder och Simon & Garfunkel. Déi eenzeg Fra an den Top 10 ass d'Madonna op der 7. Plaz.