Zanter méi wéi 30 Joer daucht de Wham-Klassiker "Last Christmas" ëmmer rëm Enn des Joers an de weltwäiten Charts op. An ass et en Zoufall oder net? Den George Michael ass viru 4 Joer op Chrëschtdag gestuerwen. De charismatesche Sänger aus England wier haut 57 Joer al ginn.

25/06/2020 Pop History: Den George Michael wier haut 57 Joer al ginn

Net op engem Casting, an der Schoul hunn den George an den Andrew Ridgeley sech kennegeléiert - allebéid de Wonsch an der Kopp, berühmt ze ginn. 1981 forméiere si Wham, 2 Joer drop ass den éischten Album fäerdeg, mat deem si an der Heemecht direkt Succès hunn.
De richtegen Duerchbroch kënnt 1984 mam 2.Album "Make it Big"
Mam Lidd "Wake Me Up Before You Go Go" geléngt him eng Nummer 1 an alle wichtegen Hitparaden. Wham sinn iwwerall à la une. Bei Band Aid dobäi, éischt westlech Band déi a China optrëtt, den George Michael ass souguer Backgroundsänger beim Elton John Hit Nikita
De Wham Hype ass 1986 eriwwer - den George ass ze grouss gi fir sech d'Bühn mat enger Grupp ze deelen. Als Solo-Artist geet et weider mam Erfolleg - provokant ass vum éischte Solo-Album Faith d'Singleauskopplung I want your sex, déi op ville Radioe guer net, bei MTV just owes spéit leeft
Den George ass en sensible Mann, engersäits faszinéiert vum Zousproch, anersäits iwwerfuerdert mat der extremer Aarbecht fir d'Karriär. Op der Bühn mierkt een dovu näischt
1992 ass heen de Star um Freddie Mercury Gedenk-Concert am Wembley Stadion. Do weess hee scho vun der Aids-Erkrankung vu sengem deemolege Frënd. Deen 2 Joer drop stierft. Grad sou wéi seng Mamm. En plus fänke jorelaang Streidereie mat senger Plackefirma un, déi un d'Substanz ginn.
96 mam Album Older de Retour an d'Hitparaden, nëmmen 2 Joer méi spéit kënnt dann den onfräiwëllegen Outing, wéi en zu L.A. op enger ëffentlecher Toilett wéinst sexueller Interaktioun mat engem Mann festgeholl gëtt. Dem George seng musikalesch Reaktioun ass genial
Am Video zu Outside gëtt di ganz Geschicht därmoossen op d'Schëpp geholl, dass de Polizist, deen e festgeholl hat, viru Geriicht geet. Och ugangs den 2000er Jore bleift de Michael provokant mat senger Musek, am Lidd Shoot the Dog ass den deemolege britesche Premier Blair dem George Bush säi Schoussmippchen, am Kader vum Irak-Krich
Obwuel en nach ëmmer Problemer huet mam Star-Liewen, geet en 2006, no 15 Joer, rëm op Tour. Musikalesch gëtt et zwar ëmmer méi roueg, privat Eskapaden sinn awer a schéiner Reegelméissegkeet an de Gazetten ze liesen.
Gesondheetlech geet et ëmmer méi biergof, 2011 réngt e schonn 3 Woche mam Dout, un engem Häerzinfarkt stierft ee vun den erfollegräichste Sänger vun allen Zäiten, ee vun de meeschtgespillten op de Radioen uechter d'Welt, viru 4 Joer Joer, ironescherweis op Chrëschtdag.