Zu Stockton a Kalifornien kënnt haut viru 64 Joer eist Gebuertsdagskand vum Dag op d'Welt.

26062020 Pop History Happy Birthday Chris Isaak

Dat ass keen aneren wéi den Chris Isaak, deen ee virun allem duerch säi groussen Hit Wicked Game aus dem Joer 1990 kennt. Et dauert awer relativ laang bis de Chris Isaak iwwerhaapt de Wee an déi professionelle Popmusek fënnt. Säin éischte Plackekontrakt ënnerschreift hien eréischt 1985, mat 29 Joer, bei Warner Bros. Säin éischten Album Silvertone flopt komplett. Säin zweeten Album mam einfachen Numm Chris Isaak ass och alles aneschters ewéi e Succès an erreecht grad emol d'Plaz 194 an den amerikaneschen Albumcharts.
Den Duerchbroch geléngt dem Kalifornier am Fong eréischt mat sengem drëtten Album Heard Shaped World an der Single Wicked Game, déi duerch en Asaz am David Lynch sengem 1990er Filmsuccès Wild at heart e weltwäiten Top Ten Succès gëtt an et bei eise belschen Noperen esouguer op d'1 vun de Singlecharts a Flandere packt.
Wéi de Chris Isaak du kuerz no dësem Hit d'Lidd Blue Hotel, wat u sech schonn op sengem 1987er Album Chris Isaak ze fanne war an deemools ouni groussen Erfolleg och schonn als Single lancéiert gi war, nach emol erausbréngt gëtt och Blue Hotel en Hit, virun allem awer an Europa.
An de Joeren duerno steet de Chris Isaak net méi ganz vir an den internationalen Charts, weder wat seng Albumen nach wat seng Singelen ugeet, e bréngt awer viru ganz flott Albumen eraus.
De Chris Isaak, deen der haut 64 kritt, huet awer an de leschten 20 Joer nieft der Musek och ëmmer nees kleng Rollen an enger ganzer Rei Filmer iwwerholl an war och scho Member am Jury vun der australescher Versioun vun der Casting-Show The X Factor.