11 Joer sinn et hier dass jiddereen vun de Black Eyed Peas geschwat huet.

27062020 Pop History - BEP

Dat virun allem an den amerikanesche Billboardcharts. Den 27. Juni 2009 geet de 5. Studioalbum vun de Black Eyed Peas „The E.N.D.“ op d'1 an den Albumcharts. Den Album selwer ka sech zwar just eng Woch op der Spëtzepositioun halen, mä duerfir stellen d'Black Eyed Peas mat de Singelen, déi heirausser auskoppelen, en neie Rekord an der amerikanescher Chartgeschicht op.
Déi éischt Auskopplung vum Album BOOM BOOM POW geet den 18. Abrëll 2009 op d'1 an Amerika, ka sech do onënnerbrach 12 Woche laang halen a gëtt an engems och nach déi meeschtverkaafte Single vum Joer.
Den 11. Juli 2009 léise sech d'Black Eyed Peas da selwer un der Spëtzt vun de Billboard Hot 100 of mam Lidd I GOTTA FEELING.
Dësen Titel bleift esouguer 14 Wochen hannertenee, déi meeschtverkaafte Single an den USA. Domat stinn d'Black Eyed Peas onënnerbrach 26 Wochen, genee en halleft Joer op der 1 vun den amerikaneschen Singlecharts, méi laang ewéi all Artist oder Band virun hinnen an der Geschicht vun de Billboardcharts.
Op d'Éireplaze fir déi meeschte Wochen hannerteneen op der 1 an Amerika kommen den USHER mat YEAH a BURN.
Hien hat et 19 Woche ganz uewe gepackt an den Elvis Presley, dee op 16 Wochen Nummer 1 ouni Ënnerbriechung komm ass mat HOUND DOG a LOVE ME TENDER: