Um 28. Juni packen et direkt e puer Museker an eis Pop History. Et ass den Optakt vun enger grousser Karriär fir d'Pet Shop Boys, an de Boy George ass emol erëm eng Kéier negativ opgefall.

28/06/2020 Pop History: Déi eng starten hir Karriär, anerer stierzen of

Den 28. Juni vum Joer 1989 muss en opreegenden Dag fir d'Pet Shop Boys gewiescht sinn. Am Coliseum zu Hongkong fänkt hier éischt Welttournee un. Dass den Touroptakt grad do ass läit dorun dass d'Pet Shop Boys zu Hong Kong op der Plaz 2 stinn wat d'Popularitéit vun net asiateschen Museker ugeet. Driwwer stoung just nach d'Madonna.
De Concert huet 1 Stonn a 40 Minutten gedauert. De geet dem Neil Tennant an dem Chris Low duer fir ganzer 16 Lidder mat 2 Zugaben ze spillen. Eng dovunner war West And Girls, déi aner It's Alright
Wat méi spéit fir d'Band obligatoresch ginn ass ass schonn op dësem Dag opgefall. Hier ausgeflippte Garderobe. D'Bandmemberen hu sech wärend de Concerten ëmmer erëm anescht ugedoen. Dofir huet déi chinesesch Press deemools och geschriwwen dass ee sech éischter wéi op engem Musical wéi op engem Concert fir kënnt.
No Hong Kong spillen Pet Shop Boys nach 10 weider Concerten tëscht Japan an England.

Op engem 28. Juni vum Joer 2006 huet de Britt Boy George op sech opmierksam gemaach. Hien gouf vun engem Geriicht zu New York veruerteelt. De gudde Mann muss botze goen. Wat war geschitt?
De Sänger hat am Joer 2005 selwer d'Police geruff well a seng Wunneng zu Manhatten agebrach ginn ass. Dat ganzt war e Fake. D'Police fënnt beim Boy George doheem Kokain. Chance fir de Museker dass d'Uklo wéinst Drogebesëtz fale gelooss ginn ass.
Amplaz krut hien e puer Stonnen Aarbecht opgedréckt déi der Allgemengheet eppes brénge soll. Mataarbechter vun der New Yorker Botzbetriiber hu sech iwwer déi prominent Ënnerstëtzung richteg gefreet.
De Boy George hat mat Culture Club an den 80er ë.a zwee Nummer 1 Hitten. Eemol mat Karma Chameleon an Do You Really Want To Hurt Me.