Den däitsche Pop- an Jazzmuseker Roger Cicero géif haut 50 Joer feieren. Schonn am Alter vun 11 Joer ass hien am Virprogramm vun der Helen Vita, enger Chansonnière, opgetrueden. Nëmme 5 Joer méi spéit hat hien säin éischten Optrëtt an der Telé. 

06/07/2020 Pop History: Happy Birthday Roger Cicero †

Enn de 90'er Jore war den Cicero als Gaascht Sänger bei Jazzkantine a Soulounge. Mat de Leschtgenannten ass hien am Joer 2003 beim Montreux Jazz Festival opgetrueden. Am Joer 2003 huet Fils vum Jazzpianist Eugen Cicero seng éischt Band gegrënnt. De Roger Cicero Quartett.

Dono sinn aus 4 Memberen, 11 Membere ginn. Wat de Stil ugeet ware mer elo an der Musek vun de 40er a 50er Joren ënnerwee. Kiischt um Kuch waren däitsch Texter. 3 Joer méi spéit am Joer 2006 sollt dann den éischte Soloalbum erauskommen. Männersachen huet dëse geheescht. 13 Lidder hat den Album opweises. Dorënner och d'Single Zieh die Schuh aus a Schieß mich doch zum Mond, wat näischt anescht war wéi eng däitsch Versioun vum Frank Sinatra sengem Fly Me To The Moon ass.

D'Single "Zieh die Schuh aus" packt et nëmmen e puer Woche méi spéit an Charts. D'Positioun ass éischter eng am leschte Véierel. Plaz 71. Dofir packt den Album et awer op déi 3. Plaz. Den Album sollt sech um Enn méi wéi 1 Millioun Mol verkafen.
Mam Lidd  Fraue regier’n die Welt huet hien am Joer 2007 Däitschland beim ESC vertrueden. Och hei war den Erfolleg net deck. 19. Plaz vu 24. mat nëmmen 49 Punkten. Jo hie krut esouguer de Negativ-Präis Pacha des Monats vum Fraemagasinn Emma. Dës Auszeechnung gëtt 2009 am Lidd Spontis Zeugen Bänker verschafft.

Säin 2. Album sollt dann dee sinn deen am beschte Leeft. Ganzer 44 Wochen hält sech d'Wierk mam Numm Beziehungsweise op der 2. Plaz vun den Charts.

Ma de Roger Cicero huet u chronescher Middegkeet gelidden. Tournée aus de Joren 2014 an 2015 huet missen ofgesot ginn. Den Album aus dem Joer 2015 mam Numm The Roger Cicero Jazz Experience huet hien net méi mat senger Big Band opgeholl, ma nëmme nach mam Quartett. Entstanen ass en Album aus de Genrë Bebop a Bar. Hei waren dem Cicero seng Liblingslidder drop. Nick Drake, Paul Simon oder och James Taylor.

De 24. Mäerz 2016 knapp 5 Méint no der Sortie vum Album stierft de Roger Cicero am Alter vun nëmme 45 Joer. De Museker ass un engem Hiereschlag gestuerwen.