Haut feiert ee vun den zwee Beatles, déi nach Liewen, säin 80. Gebuertsdag.

07/07/2020 Pop History: De Starr vun de Beatles

De Starr vun de Beatles, ze soen. Happy Birthday Richard Starkey, alias Ringo Starr. Bei de Beatles war hien vun 1960 u Member, verléisst d'Band awer schonn den 22. August 68 wou d'Band grad amgaange war de wäissen Album opzehuelen. D'Nouvelle gëtt awer geheim gehalen a wou de Ringo den 3. September nees bei déi 3 aner Beatles zeréck kënnt, ass fir d'Fans ni eppes virgefall.
De Ringo Starr, den Drummer vun de Fab Four a geleentleche Sänger, ass awer vill méi wéi just e Beatle, och wann dat bis haut de wichtegsten Deel vu sengem musikalesche Liewe bliwwen ass. Nach am Joer 1970 kommen zwee Albumme vum Starr eraus, säi wichtegsten Album an den 1970er ass awer wuel den Disk Ringo, dee mat Gold an England a Platin an den USA ausgezeechent gëtt a vun deem  zwee Nummer 1 Hits an den USA sinn, You're Sixteen a Photograph.
An de Joeren duerno komme regelméisseg nei Albumme vum Lénkshänner eraus, dee säi ganzt Liewen duerch op enger Batterie fir Rietshänner gespillt huet an aner grouss Museker, wéi zum Beispill de Phil Collins, zielen de Ringo Starr zu hire ganz grousse Virbiller.
Zënter 1989 ass de Ringo Starr mat senger All Star Band nach ëmmer regelméisseg weltwäit fir Concerten ënnerwee an hat 2008 esouguer dat offiziellt Lidd geliwwert wou seng Heemeschtstad Liverpool europäesch Kulturhaaptstad war.
Fir e bëssen Opreegung hat de Richard Starkey am selwechte Joer awer och gesuergt, wéi e gemengt hat nom 20. Oktober vun deem Joer keng Autogramme méi ze ginn, well en einfach keng Zäit méi wéilt domat verléieren. Eng Droung, déi en awer ni wouer gemaach huet. Bleift him op sengem 80. just ze wënschen, dass hien nach genuch Zäit fënnt fir nach alles dat ze maachen, wat e sech nach virgeholl huet.