Den US-Amerikanesche Museker, Sänger a Produzent kritt haut 50 Joer.

08/07/2020 Pop History: Happy Birthday Beck

De Beck huet relativ séier en Numm am Musekbusiness kritt. Hien huet Genren duerchernee geheit, en hat ironesch Texter en huet mat Samples hantéiert an huet sech un der alternativer Musek inspiréiert.
Hien huet et esou fäerdeg bruecht, Rock, Folk, Country, Beatnik a modernen Hip-Hop ënnert een Hutt ze kréien.
Eréischt an den 00er Jore sinn Albume wéi Sea Change, Guero oder och Morning Phase entstanen. Et gouf professionelle Songwriting a gutt arrangéiert Musek.
De Beck selwer spillt Gittar, Bass, Piano, Synthesizer , Batterie an och Mondharmonika. D'Lëscht ass éiweg laang an awer gouf hien um Ufank emol als One Hit Wonder ofgestempelt.
Where It's At gouf op MTV erop an erof gespillt. Um Enn ware souguer 2 Grammyen dran.
Kommen nach eemol bei den Album Sea Change. Et war en emotionaalt Wierk wat um Enn vun enger Bezéiung entstanen ass an déi 3 Phase beschreift duerch déi ee geet wann ee sech trennt. Ma et goufen net vill Singles ausgekoppelt. Eng dovunner war awer Lonesome tears.
Am Laf vun de Joren huet hien och eng Partie B-Sides eraus bruecht. Hei waren och Soundtracken drop ze fannen. Dorënner Midnite Vultures wat e Cover vum Korgi sengem Everybody’s Got to Learn Sometimes ass. Och d'Lidd Feel Good Time wat a Koproduktioun zesumme mam William Orbit geschriwwe gouf ass vum Beck. Spéider gouf et vum Pink gesongen an dat fir de Film 3 Engel für Charlie.
Säi leschten Album koum virun 3 Joer eraus. Colors. Den Album war erëm eppes neits. Et war e Wierk op dat een gutt danze kann.