De Sting hat mat senger Band "The Police"  e puer Hits. Ee vun de gréissten war Every Breath You Take. Op engem 09. Juli klëmmt Lidd an den US Singlecharts op Plaz Nummer 1. De Laurent Gillander iwwert e Lidd wat d'Schicksal vun der Band besigelt huet.

09/07/2020 Pop History: The Police an Every Breath You Take

8 Woche stoung The Police mat hirem Lidd Every Breath You Take op der Nummer 1 vun den amerikanesche Singlecharts. Och bei eis hält sech d'Lidd Wochelaang an den Top 10. De Sting hat Every Breath You Take geschriwwen nodeems e sech grad vu senger éischter Fra dem Frances Tomelty getrennt hat.
Wéi et schéngt wousst hie scho beim komponéieren, dass et de bis ewell gréissten Hit vun de The Police sollt ginn.

Wa mer elo nach dem Puff Daddy seng Versioun vun I'LL be Missing you mat zielen ass d'Lidd an Amerika deen Hit deen am längsten op der Nummer 1 stoung. De Puff Daddy hat sech jo um Sample vun Every Breath You Take zerwéiert.

Eppes wourop de Sting deck stolz ass. De Sting ass der Meenung dass d'Kraaft am Lidd a senger Ambivalent läit .
Et gi Leit déi mengen et wier e romantescht Lidd mam Thema ech hunn dech gär an e wäert dech ni verloossen. Anerer sinn der Meenung dass et éischter eppes Onheemleches ass. Sou eng Zort Stalker Lidd.
Dës 2 Theese maachen d'Lidd interessant.
Bei den Opnahmen zum Lidd war d'Stëmmung am Studio ob der Karibescher-Insel Monserrat zimmlech nervös. De Sting wollt seng Kolleegen net mat um Lidd schaffe loossen a léiwer alles eleng maachen.
Et ass eng zolidd Kris an der Band opkomm.
Am Joer 1984 kruten The Police zwar e Präis fir de Song. Ma dat ännert näischt drun dass d'Band sech ee Joer méi spéit opléist.