Wat de Bryan Adams mat Duran Duran ze dinn? Net ganz vill. Ma fir si 2 war den Dag vun haut virun e puer Joer en zimmlech wichtegen an hirem Liewen.

13/072020 Pop History: Bryan Adams vs James Bond

OP engem 13 Juli vum Joer 1991 ass(Everything I Do) I Do It For You“ vum Bryan Adams déi nei Nummer 1 an den englesche Charts. Mam Lidd aus dem Film Robin Hood bleift de Bryan Adams am ganze 4 Méint op der éischter Plaz.
Ma net nëmmen an England toppt Lidd Charts. „(Everything I Do) I Do It For You“ steet a ganzen 30 Länner ganz uewen an den Hitparaden. Domat ass d'Lidd dat erfollegräichste vun allen Zäiten.
De Bryan Adams hat d'Lidd zesumme mam berüümte Rockproduzent Mutt Lange geschriwwen. Déi 2 Museker woussten direkt dass et en Hit géif ginn. Dat Gefill huet ee scho beim schreiwe vum Lidd gehat. De Song hat eppes.
Nodeems de Bryan Adams am Studio déi éischt Stroph gesongen hat si praktesch d'Schampesstëpp geflunn.

Kucke mer nach eemol e puer Joer zeréck an d'Joer 1985. Um Dag vun haut stoung fir déi éischte Kéier iwwerhaapt e Bond-Song op der Nummer 1 vun den Charts. Et war „A View To A Kill“ vun Duran Duran.
Zanter dem éischte James Bond Film Dr No war dat kengem Museker méi gelongen. Et ass jo Traditioun dass bei all Bond Film eng nei Titelmusek an Optrag gi gëtt. Déi erfollegräichst ware "Live And Let Die" vum Paul McCartney.
A Nobody Does it Better vum Carly Simons aus dem Film The Spy who loved me aus dem Joer 1977.
Fir Duran Duran war d'Zäit eng Studio awer eng ganz speziell. Et war ee sech um musikalesche Plang net eens.Déi eng wollte Rockmusek maachen, déi aner éischter eppes Abstraktes.
Um Enn gouf et e grousse Succès fir Duran Duran. Eng Aarbecht déi sech gelount huet.