Fir de Release vun hirem Debutalbum ze feieren, spille Coldplay haut virun 20 Joer e Concert virun engem Plackebuttek an der Oxford Street zu London. Et ass an engems hiren 100. Concert.

10/07/2020 Pop History: Den Debutalbum vu Coldplay kënnt eraus

Warscheinlech hätten d'Jonge vu Coldplay och net domat gerechent, dass hiren Album direkt an Top 10 vun den amerikanesche Billboard Charts klëmmt. Do hält e sech dann och nach direkt 33 Wochen.
2 Mio Mol huet e sech verkaf.
Et war ee sech ufanks net sécher wéi den Album sollt heeschen. De Chris Martin war der Meenung dass "Yellow" e gudden Numm si kéint. Um Enn huet ee sech op Parachutes gëeenegt, also Fallschiermer.
Den Album ass relativ alternativ a gëtt dowéinst dacks mat der Band Radiohead a Verbindung bruecht. Um Enn gëtt et dann esouguer en Zesummenhang tëscht Coldplay a Radiohead. Radiohead hunn op hirem 4. Album ze vill experimentéiert wat hinnen e puer Fans kascht huet. Dës hu sech an der Musek vu Coldplay erëmfonnt déi dee Moment do ugefaangen hunn wou Radiohead opgehalen hunn
Et war e rouegen Album komplett de Géigendeel vun deem, wat een haut vu Colplay kennt. Déi meeschte Lidder wéi: High Speed, We Never Change an och den Titeltrack si staark vun akustesche Gittaren a Pianoen beaflosst.
10 Wochen hu Coldplay gebraucht fir den Disk opzehuelen. De Logo deen um Album drop ass, e Globus dee liicht, gouf fir nëmmen 10 englesch Pond bei enger Agence kaf. Um Enn huet en Band och op hirer Tour begleet.
Den Album steet a ville Lëschte gutt placéiert. 33. Plaz bei NME an der Kategorie bescht brittesch Albumen. Bei Q-Magazines op der Nummer 25.