Heiansdo ass et wichteg sech nei ze erfannen. E gudde Marketing mécht de Recht. Esou hunn Black Eyed Peas virun 11 Joer e grousse Succès gehat.

11/07/2020 Pop History: I Gotta Feeling op der Nummer 1

Déi amerikanesch Hip Hop Band Black Eyed Peas klëmmt mat hirer Single i got a feeling op d'Nummer 1 vun de US Single Charts a bréngt et fäerdeg sech do 14 Woche laang opzehalen.
Black Eyes Peas léisen sech domat selwer of. Et war d'Single Boom Boom Pow déi bis dohinner op der Nummer 1 stoung.
E Phänomen dee virdrun nach kenger anerer Band gelongen ass. Black Eyed Peas stoungen domat am ganze 26 Wochen hannerteneen op der Plaz Nummer 1.
Déi 2 Singlen ware vum 5. Album vun der Band. De Numm war The END. En Album deen no enger Paus vun 2 1/2 Joer iwwerraschender weis eraus komm ass. Den zweedeitegen Titel léist d'Fans spekuléieren ob d'Band sech wëlles huet opzeléisen.
Fir d'Sängerin Fergie steet den Titel dann awer fir en Opbroch vun de Black Eyed Peas an e neit Zäitalter. Hatt sot dass hatt der Meenung wier dass de Numm vum Album fir d'Enn vun der Museks-Ära steet. D'Ära vun enger Zäit an däer mer all grouss gi sinn an där mer Musek nach an de Butteker kaf hunn. Sief et op Kassett CD oder Plack. Haut kënnt d'Musek déi mer kafe bal all aus dem Internet. Et geet ëm Downloads, ëm Musek déi ee sech op den Handy luede kann.
Ma den Album steet awer och fir nei Saachen. D'Ofkierzung The End steet och fir The Energy Never Dies. Et wëll een ebe grad Leit dozou beweegen an den digitalen Zäitalter iwwer ze goen.
Aus genee deem Grond hunn d'Black Eyed Peas och hire Sound moderniséiert.
Et komme modern Elektro-Beats an den Asaz.
Mat dru geschafft hunn den David Guetta oder och den Tiesto.
D'Beats lafen elo méi séier an et huet een doduerch de Sprong an déi grouss Clubs gepackt.
Den Album sollt dozou bäidroen seng Suerge fir e kuerze Moment ze vergiessen a mat Kolleege Spaass ze hunn.
De Plang geet op. Den Album verkeeft sech um Enn 11 Mio mol. D'Single I Got A Feeling steet a 24 Länner op der 1. Plaz. Mat iwwer 13 Mio verkafen Exemplairen ass et déi bis haut erfollegräichste Single vun de BEP.