Et ass zwar net de bekanntste Gittarist op der Welt mä den Dan Murphy war 31 Joer laang an enger Band déi an den 90er hiren Héichpunkt hat.

12/07/2020 Pop History: Happy Birthday Dan Murphy

Soul Asylum si mat engem Album, Grave Dancers Union, a virun allem der Single Runaway Train weltberühmt ginn.

Dëse Succès war am Joer 1992 ma bis dohin hat d'Grupp scho 5 Albumen erausbruecht. Den Dan Murphy war vun der éischter Stonn un dobäi. Zesumme mam Sänger Dave Pirner, dem Karl Mueller an dem Pat Morley huet hien d'Grupp 1981 gegrënnt. An all de Joer bei Soul Asylum huet den Dan awer net nëmme Gittar gespillt, hien huet och en Deel vun de Soul Asylum Lidder geschriwwe respektiv matgeschriwwe wéi zum Beispill Promises Broken vun der Plack Let Your Dim Light Shine.

1988 huet den Dan Murphy en 2. Projet gestart andeems hien d'Supergroup Golden Smog gegrënnt huet. Fir dëse Projet huet den Dan Membere vun The Replacements, The Jayhawks a Run Westy Run rekrutéiert.
Genee wéi Soul Asylum, déi iwwregens d'lescht Joer nach en Album erausbruecht hunn, gëtt et Golden Smog och nach ëmmer. Eenzegen Ënnerscheed fir den Dan Murphy, eist Gebuertsdagskand, bei Soul Asylum huet de Gittarist am Oktober viru 8 Joer d'Handduch geheit fir méi Zäit mat Frënn a Famill ze hunn, respektiv fir sech ëm säin Antiquitéite-Buttek ze këmmer. Sou dierft den Dan Murphy dann haut och genuch Zäit hu fir seng 58 Joer ze feieren.