An de 50er Joren war de Paul Anka en Teenager Idol. De kanadesche Sänger, Komponist, Songwriter an Acteur feiert haut seng 79 Joer. De Laurent Gillander iwwert d'Liewe vum Paul Anka.

30/07/2020 Pop History: En Teenie-Idol feiert haut

Dem Paul Anka seng Elteren haten e Restaurant zu Ottawa. Mat 14 Joer huet de Paul Anka schonn u Gesangsconcours'en deel geholl. Wéi hien am Joer 1956 bei sengem Monni zu L.A op Besuch war hat hien d'Chance den Ernie Freeman kennen ze léieren. Et war en Direkter vun engem Placke-Label. De Paul Anka krut säin éischte Kontrakt. Am Oktober vum selwechte Joer ass d'Single I Confess/Balu Wile Deveest Fontaine erauskomm. De Numm kënnt vun engem afrikaneschen Duerf aus dem John Buchans sengem Roman Prestor John.
Relativ séier huet een awer gemierkt dass ee mam Paul Anka senger Musek net vill ufänke konnt. Et goufe nëmmen 3000 Kopie verkaf. Domat war dem Anka seng Karriär fir d'éischt mol um Enn.
Am Mee vum Joer 1957 huet den Anka zu New Yorknieft 3 anderen Lidder dem Produzent Don Costa eng eege Kompositioun virgespillt. De Numm: Diana.
D'Lidd gouf direkt opgeholl a sollt sech 10 Mio mol verkafen.
Zu deem Moment gouf den Anka zum Teenager Idol. Diana war bis zum Joer 2010 déi am Meescht-verkafte Single. Hannendrop koumen direkt nei Wierker wéi Lonely Boy oder Put Your Head on My Shoulder.
De Paul Anka huet op eemol ugefangen och Lidder fir aner Museker ze schreiwen. Dorënner de Buddy Holly, My Way fir de Frank Sinatra a She's a Lady fir den Tom Jones.
Wéinst senger Verdéngschter an der Musek gouf hien am Joer 1980 an Canadian Music Hall Of Fame obgeholl.
Spéider ass hien an de Swing gewiesselt. E Genre deen him bis haut nach ganz gutt läit.