Genee 33 Joer sinn et haut hier, dass MTV Europe lancéiert gouf. Éischte Clip op der europäescher Musekstelevisioun war „Money For Nothing“ vun den Dire Straits.

01/08/2020 Pop History: MTV Europe geet op Sendung

MTV Europe ass déi europäesch Schwëster vum US Fernsehsender MTV, déi amerikanesch Chaîne, déi 6 Joer virdrun, 1981 op Sendung gaangen ass. Mee de Start fir MTV Europe war net einfach. Ganz am Géigendeel, a ganz Europa a virun allem an der Schwäiz an an Däitschland hu si missten géint Medien kämpfen an och géint d'Museksindustrie selwer. Déi hat nämlech Angscht virun der Amerikaniséierung vun der Musek.

MTV huet deemools och zum groussen Deel amerikanesch Musek gespillt, wat och ëmmer hire Prinzip war.  Et huet ee souguer eng Zäit laang misse fir déi Music-Television bezuelen, well et soss net méiglech gewiescht wier, dei héich Käschten ze droen. D `Argument war deemools, dat een als PayTV besser a méi séier sende kéint , wat sech awer als Lige erausgestallt huet. Kuerz duerno ass mat VIVA ee Konkurrenzsender opgetaucht. An trotzdeem ass MTV staark bliwwen a kann haut op eng interessant Geschicht zréck kucken. Vill  Artisten sinn och nëmmen duerch MTV sou bekannt ginn. Zum Beispill beim US Rapper Eminem, deem säi Lidd "My Name Is" zesumme mam DR.Dre,  duerch eng immens Zuel u Spectateuren vum Sender quasi iwwer Nuecht bekannt ginn ass.

MTV Europe ënnerscheet sech net vill vun den aneren MTV Senderen, et lafen nëmmen méi Reality Sendungen, wat duerno och op all déi aner Sender ofgefierft huet. Mëttlerweil spillt d'Musek bei MTV net méi déi éischt Gei, obschonn een net vergiessen dierf dass duerch MTV fréier de Musekvideo fir vill Kënschtler eng méi zentral Roll gespillt huet. Sou wieren zum Beispill e puer vun de beléiftste Videoen "Welcome To The Jungle" vu Guns`n Roses oder "Never Gonna Give Up On You" vum Rick Astley.

Et kann ee lo, 33 Joer nodeems MTV Europe op Sendung gaangen ass, also soen, dass sech de Sender vun engem einfache Kanal zu engem Gigant an der Musekindustrie entwéckelt huet.  Awer alles huet ugefaang mam Clip vun Dire Straits : 'Money for Nothing'.