De Quentin Leo Cook feiert haut säi 57. Gebuertsdag. De britesche Museker ass besser bekannt ënnert dem Numm Fatboy Slim.

31/07/2020 Pop History: Happy Birthday Fatboy Slim

Norman Cook, Pizzaman oder Son of a Cheeky Boy sinn awer Pseudonymmen déi vum Museker benotzt goufen.
Ugefaangen huet seng Karriär bei den Housemartins. Hei huet hien de Bass gesongen.
Caravan Of Love koum am Joer 1986 eraus a war e Cover. D'Original koum aus der Fieder vum Chris Jasper an hat nëmme mëttelméissege Succès. 52. Plaz an de UK Charts. 51. Positioun an den US Charts.
Versioun vun den Housemartins stoung e puer Joer méi spéit an England op der 1.
De Fatboy Slim huet sech awer séier vun den Housemartins getrennt. Et koumen nei Projeten an nei Iddien. Ee vun de bekanntsten dierft Freak Power sinn. Si haten an Hitt mam Lidd Turn On , Tune In, Crop Out.
Duerno war de Quentin Leo Cook als remixer e gefrote mann. Aus Brimful Of Asha vun Cornershop, huet hien eng Versioun gemëscht op déi ee gutt danze kann.
Zu sengen eegene gréissten Hitts ziele Right Here, Right Now a The Rockafeller Skank.
Säi Video zum Lidd Weapon Of Choice an deem de Christopher Walken matspillt krut hien am Joer 2002 d'Unerkennung als beschte Video vun allen Zäiten. Dës ginn ëmmer duerch Museker, Regisseuren a verantwortlechen aus der Museksindustrie bestëmmt. Et ass de brittesche Sender VH1 deen des Aktioun patronéiert.
Weider grouss Hitte vum Fatboy Slim si Praise You oder och de Remake vun The Joker.