De 24. August 1996 knackt de britteschen Duo Everything But The Girl e Rekord an de States.
Missing, deen eenzege grousse Succès fir d'Tracey Thorn an de Ben Watt, stoung haut virun 26 Joer op der éischter Plaz vun de Billboardcharts. Dat eleng ass nach kee Rekord ma well d'Lidd dee Moment awer scho 54 Woche virdrun op der 1. stoung gouf domat de Rekord vum Four Seasons-Hit December 1963 (Oh What A Night) agestallt.
Dobäi hat Everything But The Girl e relativ schwierege Start mat hirer Single Missing. Se gouf nämlech schonn 1994 als 2. Single vum Album Amplified Heart ausgekoppelt. 2 Joer virum grousse Succès huet d'Lidd awer och nach aneschters geklongen!
Et war den Todd Terry deen u sech aus Missing dat gemaach huet wat mir haut nach ëmmer kennen.
D'Versioun vum Todd Terry kënnt de 16. Oktober 1995 offiziell eraus a gëtt an de Méint duerno e weltwäite Succès fir Everything But The Girl. A well d'Tracey Thorn an de Ben Watt esou begeeschtert vun dëser Versioun waren, war Missing den Ausléiser fir eng nei musikalesch Richtung, also éischter elektronesch, vum Duo. Haut virun 26 Joer steet Missing vun Everything But The Girl op der 1. an Amerika an dat scho 55 Wochen hannereneen.