1962, "The Locomotion" vum Little Eva klëmmt op d'1 an den USA.

25/08/2020 Pop History: Locomotion

Haut op den Dag genee virun 58 Joer klëmmt d'Lidd 'The Locomotion' op Plaz Nummer 1 vun den amerikaneschen Charts.

D'Lidd gouf vun der Amerikanerin Little Eva interpretéiert. Si ass mat 15 Gesëschter opgewuess, ass iergendwann op New York geplënnert an huet als Babysitterin fir d'Songwriter Koppel Carole King a Gerry Goffin geschafft. Duerch si krut se d'CHance als Backgroundsängerin ze schaffen. Hir éischt Solo-Opnam war 'Loco-Motion' dee vum King a vum Goffin geschriwwe gouf. Et gouf en internationalen Hit: an Däitschland koum Locomotion op d'Spëtzepositioun, a Groussbritannien war déi héchst Plazéierung op der 2.

Am Laf vun de Joren hunn eng ganz Partie Artisten 'Loco-Motion' gecovert, ënnert anerem och d'Kylie Minogue. SI hat d'éischt an Australien an dono och an Europa grousse Succès a war och an der Serie 'Neighbours' ze héieren. An der Rolling-Stones.Lëscht vun deene 500 beschte Lidder vun allen Zäiten koum 'Locomotion' op Plaz Nummer 350.