13 Joer sinn et hier dass "A Bigger Bang World Tour" vun de Stones op en Enn gaangen ass. 2 Joer ware se ënnerwee. Dee leschte Concert war zu London.

26/08/2020 Pop History: A Bigger Band World Tour

Nach ni virdrunner hat eng Band mat enger Tournée méi verdéngt ewéi d’Stones. Et waren eng ronn 560 000 000 Dollar.
Annoncéiert gouf d'Tournée mat engem Mini-Concert zu New York, den 21. August 2005, wou d'Stones ënnert anerem d'Bühn vun der "A Bigger Bang World Tour" erkläert haten:
Déi Bühn koum dunn den Owend vum 21. August 2005 nach an den Asaz, wéi d'Welttournée vu Mick Jagger a Co zu Boston ugeet:

Zu dëser, haut scho legendärer Tournée hat och e Concert am Februar 2006 op der Copacabana zu Rio gehéiert fir deen d'Rolling Stones keng Entrée gefrot haten a bei deem geschat gëtt, dass eng zwou Millioune Leit de Gig kucke waren.

D'Tournée, déi haut viru genee 13 Joer zu London op en Enn gaange war, hat allerdéngs Mëtt 2006 musse fir e puer Wochen ënnerbrach ginn. Bei engem Trip op d'Fidschi-Inselen war de Keith Richards vun enger Palm gefall, wéi e probéiert hat do eng Kokosnoss ze plécken. Dowéinst waren déi éischt 6 Concerten, déi bei der BIGGER BANG Tournée an Europa geplangt waren, annuléiert ginn.

No ronn zwee Joer op de Bünen an an de Stadie vun dëser Welt ass d'A BIGGER BANG WORLD TOUR vun de Rolling Stones haut virun 13 Joer op en Enn gaangen, mat enger gewëssener Nostalgie vun de Museker aus, also op mannst vum Batteur Charlie Watts:

Tëscht 2009 an 2011 gouf d'A BIGGER BANG WORLD TOUR vun de Stones als déi Tournée, déi de Museker, déi se gespillt hunn, am meeschten abruecht huet, dunn awer ofgeléist. d'360° TOUR vun U2 hat den Iren esouguer 736 Milliounen Dollar abruecht.