Virun 21 Joer gouf Lou Bega op ee Schlag weltbekannt.
Contenu
1999, endlech klëmmt de Lou Bega mat "Mambo Nr 5" och an England op d'1 vun de Singlecharts
D'Ufangstéin vun dësem Lidd kennt bal jiddereen.
Dat Lidd huet den David Lubega, alias Lou Bega onstierflech gemaach.
Nummer 1 an Däitschland, der Schwäiz, Éisträich, England an an de States, an dat ëmmer direkt e puer Wochen.
Et gëtt vill Mamboen, ... awer just 1 Mambo 5.
De Sänger ass den 13. Abrëll zu München op d'Welt komm, ... Seng Eltere waren allebéid an den 1970er Joren an Däitschland komm. De Papp kennt aus dem Uganda, seng Mamm staamt aus Italien. An als jonken David huet en e puer Joer zu Miami verbruecht. Mat 16 Joer huet en do eng éischte Kéier eppes erausbruecht. "I need you" huet dat Stéck geheescht. Dat war 1991.
A wéi en nees Heem op München zréck komm ass huet en do e puer intressant Leit kenne geléiert. Sein Manager Goar B., de Komponist Christian Pletschacher alias "Zippy" an d'Produzenten Achim Kleist a Wolfgang von Webenau. An erauskoum "Mambo No 5. De Song as e Cover vun engem Lidd vum Perez Prado aus dem Joer 1952. De Lou Bega huet einfach en Text an eng nei Refrainmelodie derbäi gesat an eraus koum e Summerhit am Joer 1999.
An Däitschland war en 11 Woch Platz 1.
Dono koum nach "I got a girl" dat a 5 Länner an d'Top 20 vun den Charts koum, ... an dunn ass de Stär vum Lou Bega um Musekhimmel och scho nees erof gaangen.