1986 erbléckt den George Ryan Ross III, de Leadgittarist an ee vun de Sänger vu “Panic! at the Disco” bis 2009 d’Liicht vun der Welt.

30/08/2020 Pop History: Happy Birthday George Ryan Ross

Gebuer gëtt hien den 30. August 1986 zu Las Vegas. Seng éischt Gittar kritt hien als Chrëschtkaddo am Alter vun 12 Joer. Nëmme kuerz drop deet hie sech mat sengem beschte Kolleeg Spencer Smith zesummen an déi zwee starten eng "Blink 182" Coverband mam Numm "Pet Salamander".

Mat 14 fänkt de Ryan Ross un éischt Lidder ze schreiwen an no an no kommen bei déi zwee Museker vu "Pet Salamander" nach den Brent Wilson, den Trevor Howell an den Brendon Urie dobäi, esou dass aus der Coverband am Joer 2004 d'Grupp PANIC AT THE DISCO gëtt.

E Joer drop kënnt hiren éischten Album A FEVER YOU CAN'T SWEAT OUT eraus mat deem hinnen direkt den Duerchbroch geléngt, wuel och duerch de Singlesuccès I WRITE SINS NOT TRAGEDIES.

No enger laanger Tournée mam éischten Album geet d'Band 2007 nees an de Studio a bréngt am Fréijoer 2008 mam PRETTY ODD den zweeten Album eraus, deen nach emol un de Succès vum Debutalbum uknäppe kann.

Dat war dee leschten Album vu PANIC AT THE DISCO bei deem de Ryan Ross nach als feste Bandmember dobäi, och wann hien den drëtten Album vun der Band VICES & VIRTUES nach matgeschriwwen huet.

No senge Jore mat PANIC AT THE DISCO ass den Ryan Ross vun 2009 bis 2011 Member vun der Band THE YOUNG VEINS. Déi een Album mam Numm TAKE A VACATION hunn.

Duerno huet de Ryan Ross, deen der haut 34 kritt, emol zwee Joer laang guer näischt gemaach. Ier en 2013 eng Solo-Demo-EP erausbruech huet aus där 2014 de ganzen Album LAST HOUSE ON THE BLOCK ginn ass.

Deen Album war kommerziell awer kee Succès, genee esou wéineg wéi déi Lidder déi den George Ryan Ross III duerno nach fir aner Museker a Bands geschriwwen huet.