1986 no 10 Joer als Koppel bestuede sech de Bob Geldof an d’Televisiounspresentratrice Paula Yates zu Las Vegas. Trauzeie fir de Geldof war den Duran Duran Sänger Simon LeBon. D’Paula Yates ass am September 2000 un enger Drogeniwwerdosis gestuerwen.

31/08/2020 Pop History - Bob Geldof a Paula Yates soe jo

Den 31. August 1986, also haut viru genee 34 Joer bestit sech de Museker Bob Geldof mat senger laangjäreger Frëndin Paula Yates. De Geldof hat seng Carrière jo an den 1970 mat de Boomtown Rats ugefaangen.
Ier hien dunn an den 1980er mat BAND AID a LIVE AID grouss Charity-Evenementer organiséiert hat.
Seng Frëndin ass zënter 1976 d'Paula Yates, déi an den 1980er an England relativ populär gi war als Presentatrice vun der Televisiouns-Emissioun THE TUBE, déi nawell och méi wéi enger Band an England zum Duerchbroch verhollef huet.
1983 kritt d'Koppel Yates-Geldof mam Fifi Trixibelle en éischt Kand. 86 bestuede se sech an dem Bob Geldof säin Trauzeie war keen aneren ewéi den Duran Duran Sänger Simon LeBon.
D'Koppel Geldof-Yates kritt an de Joer duerno nach zwee Meedercher, mä hir Relatioun ass wuel scho vun de fréien 1990er un net méi déi Bescht. D'Paula Yates hat sech do an den INXS-Sänger Michael Hutchence verkuckt.
1995 huet d'Paula Yates dunn definitiv de Michael Hutchence eruewert an nëmmen e Joer méi spéit léisst si sech am Mee 1996 vum Geldof scheeden fir zwee Méint drop eng weider Duechter op d'Welt ze bréngen, d'Heavenly Hiraani Tiger Lily Hutchence, genannt Tiger.

Nom Doud vum Hutchence fält d’Paula Yates an déif Depressiounen a gëtt zur Alkoholikerin. De 17. September 2000 gëtt d’Paula Yates vun zwee Polizisten dout an hirer Londoner Wunneng fonnt, si war 40 Joer al an un enger Iwwerdosis Droge gestuerwen. De Bob Geldof iwwerhëlt doropshin d'Suergerecht fir d'Tiger, wat nom Doud vu senger Mamm du mat sengen dräi Hallefschwësteren opwiisst.

Den Drogendoud vum Paula Yates war awer net deen eenzege schwéiere perséinleche Coup fir de Bob Geldof. Och déi gemeinsam Duechter vu Geldof a Yates, d'Peaches Honeyblossom Geldof, hat dat selwecht Schicksal wéi hir Mamm, si gouf de 7. Abrëll 2014 dout an hirer Wunneng opfonnt.