Haut dierf een engem vun de Grënnungsmembere vun Toto gratuléieren.

02/09/2020 Pop History: Steve Porcaro

Den 2. September 1957 kënnt de Steven Maxwell Porcaro zu Hartford am Connecticut op d'Welt a war 1977 dobäi wéi eng vun de bekanntste Gruppe vun dësem Planéit entstanen ass. Ier dat awer souwäit war de Steve mam Gary Wright op Tournee am Kader vum Dream Weaver Album.

Duerno geet dann also d'Aventure Toto lass; fir de Steve Porcaro awer éischter am Background, hie selwer seet datt hien net deen allerbeschte Sänger an huet sech sou éischter op d'Kompositioun a säin Instrument, d'Keyboard, konzentréiert.

Bis 1987 war de Steve Porcaro feste Member vun Toto; nom Album Fahrenheit huet hien der Band nëmmen nach bei verschidde Lidder gehollef, ënner anerem well hie sech op de Songwriting respektiv d'Komponéiere spezialiséiert huet. Duerch seng Aarbecht mat Toto waren déi meescht Dieren natierlech schonn op a sou schreift hien ënner anerem fir de Michael Jackson den Titel Human Nature....

An huet bei Stranger In Moscow souguer selwer um Keyboard fir de King of Pop gespillt. Aner Gruppen déi de Steve an de Joren no Toto mat sengem Kënnen ënnerstëtzt huet, waren ënner anerem Yes an Jefferson Airplane fir den 89er Reunion-Album. Zënter 2010 ass de Steve Porcaro erëm méi reegelméisseg bei Toto aktiv. De Grënnungsmember vun Toto ass iwwregens deen eenzege vun de Porcaro-Bridder deen nach lieft, de Jeff stierft 1992 an de Mike 2015. De Steve Porcaro kritt haut genee 63 Joer.