De Mark Ronson kritt haut 45 Joer. De Museker, Produzent an DJ ass awer meeschtens méi am Hannergrond aktiv.

04/09/2020 Pop History: Happy Birthday Mark Ronson

De Mark Ronson huet schonn a jonke Joren ugefaange Musek fir aner Leit ze schreiwen. Lass gaangen et ass mam Lidd  Everybody Got Their Something.
Dëst huet hien fir Nikka Costa produzéiert. Et war de Kick Off vu senger Karriär. Direkt no deem Titel krut hien e Plackekontrakt bei Elektra Records.
Am Joer 2003 koum säin éischte Album Here Comes The Fuzz eraus. Hei huet mat ville Gaaschtmuseker zesummegeschafft. Elauter Leit déi zu deem Moment schonn eng gewësse Renommée an der Musekwelt haten. Nate Dogg, Weezer, The Roots Robbie Williams oder och Amy Winehouse.
Nëmmen ee Joer méi spéit huet hien säin eegene Label gegrënnt. No e puer méi klenge Aarbechten sollt am Joer 2007 e grousse Coup geléngen. Zesumme mam Amy Winehouse produzéiert hien den Album Back To Black. Dësen ass a ville Länner op d'Nummer 1 vun den Charts geklommen. Rehab gouf esouguer zum Lidd vum Joer
Ma de Mark Ronson héiert een awer selwer um Album, nämlech am Lidd Valerie.
Nieft den Optrëtter mat senger Band Mark Ronson and the Business Intl huet hien och d'Musek fir d'Olympesch Spiller zu London am Joer 2012 geschriwwen.
Mat Uptown Funk krut hien zesummen mam Bruno Mars e Grammy.
De Mark Ronson kritt haut 45 Joer. E nach jonke Museker dee scho vill a senger Karriär erlieft huet.