74 Joer géif de Farrokh Bulsara haut feieren. Besser bekannt ass hien ënnert dem Numm Freddie Mercury. De Laurent Gillander mat enger klenger Chronologie iwwert dem Museker säi Liewen.

05/09/2020 Pop History: Happy Birthday Freddie Mercury †

De Freddie Mercury war tëscht de 70er an 80er Joren ee vun de bedeitendsten Rocksänger. Bekannt ginn ass hien duerch d'Band Queen bei där hien Grënnungsmember, Songschreiwer a Leadsänger war. Aus senger Fieder si Welthitte wéi Bohemian Rhapsody oder och We Are The Champions.
De Mercury ass zu Sansibar ob d'Welt komm an huet hei an engem englesch Sproochege Internat seng Schoul gemaach. Am Alter vu 17 Joer huet hien a seng Famill wéinst der Revolutioun géint de Sultan vu Sansibar misse Flüchten. De Wee ass ob London gaangen. Hei huet hien d'Band Smile kennegeléiert. Relativ séier ass hien als Roadie mat ob den Tour gaangen an huet eegen Iddien mat an d'Band bruecht.
Méi spéit war hien dunn Leadsänger bei der Band Ibex déi sech séier e neie Numm ginn huet. Wreckage hu se sech spéider genannt. Et gouf eng éischt Renconter mam Brian May a Roger Taylor. Spéider hu se hier eege Band gegrënnt. Am Abrëll vum Joer 1970 héiert een eng éischte Kéier de Numm Queen.
Aus Freddie Bulsara ass dunn Freddie Mercury ginn.
Mat Bohemian Rhapsody geléngt der Band am Joer 1975 den internationalen Duerchbroch
D'Lidd hält sech 9 Wochen ob der Nummer 1 vun den engleschen Charts. Et war déi éischt Nummer 1. Se huet sech ob der ganzer Welt iwwer 5 Mio mol verkaf. Ëm wat et genee am Lidd geet léist nach bis haut vill Diskussiounen aus. Dem Mercury säi perséinlechen Assistent den Peter Freestone ënnerstëtzt These ass Bohemian Rhapsody de Coming Out als homosexuelle Mann verschafft.
D'Homosexualitéit sollt dem Freddie Mercury säi Schicksal besigelen. An enger Zäit wou et nach net vill Informatiounen iwwer Aids goufen infizéiert hien sech mat der Krankheet. Wéini hien sech genee mat der Krankheet infizéiert huet ka kee soen. De Freddie Mercury huet säi Gesondheets-Zoustand laang geheim gehalen. Réischt kuerz viru sengem Doud am November 1991 ass hien domat un d'Ëffentlechkeet gaangen.
Den 23. November vum Joer 1991 huet hien seng Krankheet Public gemaach. Een Dag dono ass un enger Longenentzündung gestuerwen. De Freddie Mercury ass nëmme 45 Joer al ginn.
5 Joer no sengem Doud koum nach e leschten Album eraus. Made In Heaven. Heirobber waren déi lescht Opnahmen vum Freddie Mercury. A Winter's Tale, You Don't Fool Me a Mother Love.
CUT You Don't Fool Me Fade Out