De brittesche Sänger, Bassist a Komponist Roger Waters feiert haut säi 77. Gebuertsdag.

06/09/2020 Pop History: Happy Birthday Roger Waters

Bekannt ginn ass de Roger Waters duerch d'Rockgrupp Pink Floyd déi hie mat gegrënnt huet. Texter déi hien schreift si meeschtens melancholesch a setze sech mat eegenen Erfarungen auserneen. A ville Fäll ass et eng pessimistesch Vue op d'Gesellschaft.
Och d'Problemer vu sengem Kolleg dem Syd Barret verschafft hien an der Musek. De Barret war selwer Member vu Pink Floyd.
Fir de Barret gouf den Album Wish You Where Here aus dem Joer 1975 gewidmet.
Och Titel Lidd Shine On You Crazy Diamond bezitt sech ob hien.
De Papp vum Roger Waters huet an enger Mine geschafft an ass ob der Ambulanz gefuer well hien sech géint d'Anzéien gewiert huet. Méi spéit huet deem seng Meenung sech awer geännert an en ass als Offizéier am Februar 1944 an Italien gefall.
Den Dout vu sengem Papp belaascht den Waters nach bis haut. Hien huet de Krich an d'Kandheet ouni säi Papp a ville Lidder thematiséiert.
Extraiten dovun sinn um Album The Wall ze héieren.
Am Joer 1983 nom Album The Final Cut wollt de Waters d'Band Pink Floyd opléisen. Hien ass mat där Aktioun awer ob Widderstand bei senge Bandkolleege gestouss. Am Joer 1985 huet hien dunn decidéiert Band ze verloossen. De Roger Waters war der Meenung dass Pink Floyd net ouni hien -dem kreative Kapp- kéint weider maachen. Ma den David Gilmour an de Nick Mason hunn ënnert dem Numm viru gemaach wat de Waters ugefaangen hat. Et ass zu laange juristesche Ausernanersetzunge komm, déi de Waters verluer huet. Et huet ee sech um Enn ouni e richtegt Urteel gëeenegt.
Am Privatliewen war de Waters 4 Mol bestuet. 4 Mol huet et all Kéier net geklappt.
Et kënnt alt mol nach fir dass de Roger Waters och am méi héijen Alter nach mat senger The Wall Show op Tour geet.