1991 kënnt den Debutalbum vu Pearl Jam eraus. Mat de Singleauskopplungen “Alive”, “Even Flow” an “Jeremy” an engen 13 Millioune verkaaften Exemplairen ass dat och direkt de gréissten Erfolleg fir d’Band.
Den 27. August 1991 ass nämlech deen Dag op deem den Debutalbum vun enger vun de wichtegste Grungebands erauskënnt. Nodeems d'Grupp MOTHER LOVE BONE an där de Bassist Jeff Ament an de Gittarist Stone Gossard aktiv waren, sech 1990 trennt, dinn déi zwee Museker sech mam Gittarist Mike McCready, dem Batteur Dave Krusen an dem Sänger Eddie Vedder zesummen fir d'Band MOOKIE BLAYLOCK ze grënnen.
Nach während den Opname vun hirem éischten Album, deen tëscht Mäerz a Mee 1991 entsteet, änneren déi 5 Museker hiren Numm a PEARL JAM. Fäerdeg ofgemëscht geet den Debutalbum TEN vun der Band vu Seattle dunn den 27. August 1991 an d'Vente, ouni am Ufank awer direkt e grousse Succès ze ginn.
Nëmme lues a lues ka sech den Album, virun allem och duerch déi 3 Singleauskopplungen ALIVE, EVEN FLOW an JEREMY an den Albumcharts no vir schaffen. TEN erreecht an der zweeter Hallschent vum Joer 1992 Gold-Status an den USA, nodeems e sech Enn Mee vum selwechte Joer an déi amerikanesch Album-Top Ten no vir geschafft hat. Do sollt TEN schlussendlech eng zweete Plaz als bescht Klassement erreechen, op där den Album 4 Woche laang stoung. Zu deem Zäitpunkt ass an den US-Charts kee Wee laanscht dem Country-Superstar Billy Ray Cyrus säin Album SOME GAVE ALL gaangen.
An awer ass den Album zum erfollegräichste Grunge-Album avancéiert. TEN stoung net manner ewéi 256 Wochen an de Billboard-Charts. Zwee Joer no sengem Release war TEN 1993 nach ëmmer deen Album, dee sech an den USA am 8. beschte verkafe konnt a schonn am Februar 1993 ware méi Exemplairen vun TEN verkaf wéi vum erfollegräichsten Nirvana-Album NEVERMIND.
Am Februar 2013 hat den Album d'Barrière vun den 10 Millioune verkaaften Exemplairen an den USA duerchbrach, als 22. Album iwwerhaapt eréischt an der Geschicht vun der amerikanescher Rock a Popmusek.