Haut viru 11 Joer trennt sech de Noel Gallagher vun Oasis.

28/08/2020 Pop History: Over And Out Fir Oasis

Rumouert hat et scho laang virdru, mä haut viru 11 Joer koum den definitive Broch, de Noel Gallagher huet Oasis verlooss.

Déi Band, déi hien a säi Brudder Liam, zu gefeierte Weltstaren an Ikone vum Britpop gemaach huet.
Gréng waren di 2 sech iergendwéi ni - kaum Discours, getrennte Volen, verschidden Hotelszëmmeren, am Fong hu se sech just op der Bün getraff - an hunn do zesumme funktionéiert.
Bis den 28.August 2009 , a leschter Sekonn, hu se ee Concert um Seine Festival zu Paräis ofgesot. Wéi d'Band, déi virun Oasis gespillt hunn, dat annoncéiert hunn, waren d'Fans der Meenung, et wier en Witz.
War et awer net - de Noel war wuel traureg, mä gläichzäiteg och erliichtert - hie konnt a wollt net méi sou weider maachen.
Entretemps maachen d'Gallagher Bridder jo a getrennte Bands weider, relativ erfollegräich Musek.