© BMG * Infectious
Haart geschafft fir um Enn dofir belount ze ginn. Am Geschäft vun der Musek ass dat net anescht. Blondie ass et esou ergaangen. Zäit emol eng Kéier deenen hir Karriär méi genee ënnert d'Lupp ze huelen.
Mam Lidd Maria hu si de Comeback gefeiert. Da sinn 21 hier.
Fir si ass direkt do viru gaange wou se am Joer 1982 opgehalen hunn. Ëmmerhin geet den Ufank vun hirer Karriär an d'Joer 1974 zeréck.Gegrënnt goufe se vum Debbie Harry a Chris Stein. Hier Musek war eng Mëschung aus Wave Punk esou wéi Rap a Reggae Elementer. Denis ass z.B e Lidd aus hirem 2. Studioalbum. Am Joer 1978 wousste just Hardcore Fans eppes domat un ze fänken.
Dat selwecht Joer koum dunn deen Album eraus, mat deen alles ännere sollt, Paralell Lines. Duerno wousst een wee Blondie war
Heart of glass gouf deen Hit an och d'Joeren drop hu Blondie Gas ginn.
1982 ass d'Deborah Harry dunn eleng weider gefuer, mat nawell manner Succès wéi elo der Band. Ir si dunn Enn der 1990er Joren nees zesumme koumen, hat de fréiere Playboy Bunny hiren Ex-Partner Chris Stein gesond gefleegt, deen eng rar Krankheet krut.
Blondie war eng vun den éischte Rockbanden déi Musekvideoë produzéiert hunn a mam Start vum Museksender MTV 1981 goufen si doduerch enorm bekannt. 2006 gouf Blondie an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl an dat lescht Joer koum den 11. Studioalbum Pollinator vu Blondie eraus a si gounge mat deem op Tour an den USA. D'Debbie Harry, déi selwer Beien hält an sech fir en Ëmweltschutz asetzt, stoung als Bei verkleet op der Bün. Dat eleng war schonns spektakulär.